Lëtzebuerger am Ausland: beim Amanda a François

05.01.2019 / 00:09:57

Lëtzebuerger sinn der iwwerall op der Welt vertrueden. Och zu Hamburg an der Elbphilharmonie.

Zanter bal zwee Joer ass dëst beandrockend Gebai d’Aarbechtsplaz vum Amanda Kleinbart an dem François Kremer. Mir haten d’Chance si en Dag ze begleeden a kruten e klengen Abléck hannert d’Kulissen vun der Elbphilharmonie. D’Isabelle Henschen huet si an der Elphi - wéi d’Hamburger hiert neit „Wahrzeechen“ nennen - besicht.