Lëtzebuerger am Ausland: beim Henri Kauthen zu Melbourne

22.12.2018 / 00:14:26

Och wärend dëser Chrëschtsaison weise mir Iech nees nom Journal all Dag Reportagen iwwer Lëtzebuerger, déi hir Heemecht wäit ewech vum Grand-Duché fonnt hunn.

An der éischter Episod geet et dofir op Melbourne an Australien. Déi zweetgréisste Stad um Kontinent no Sydney. Hei huet sech virun iwwer 20 Joer de Lëtzebuerger Henri Kauthen installéiert. Eng Metropol mat Charme, déi hie vun der éischter Sekonn u begeeschtert huet. Den Yves Trevalec war hie besichen a sengem neien Doheem am hippste Quartier vu Melbourne, ma huet him och dohanne bei senger Aarbecht als Affekot iwwert d'Schëller gekuckt a war mat him op déi schéinste Plaze vun der Stad ënnerwee.