Lëtzebuerger am Ausland: beim Tun Yegles zu Melbourne

01.01.2019 / 00:10:14

4,5 Milliounen Leit wunnen zu Melbourne an een dovunner ass de Lëtzebuerger Tun Yegles.

Hien ass zu Ettelbréck gebuer, ma huet iergendwann decidéiert, op dat anert Enn vun der Welt auszewanderen. Hei schafft hien als Web-Designer. An hei huet hie mat senger Famill och d’Chrëschtfeierdeeg a Silvester gefeiert. Ganz ouni Schnéi, ma dofir mat Plage, Mier an ebe mëtten am australesche Liewensstil, deen him esou gutt gefällt. E vermësst awer och vill zu Lëtzebuerg, vun der Kultur bis bei de Béier an nach e puer aner Saachen.