Lëtzebuerger am Ausland: beim Christopher Schaub zu Sydney

27.12.2018 / 00:12:19

An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” gi mer haut eng zweete Kéier an Australien – an zwar op Sydney.

Do lieft a schafft de Christopher Schaub, tëscht impressionnanten Héichhaiser a gréngen Nationalparken. Hien huet eis erzielt, wat hie vu Lëtzebuerg vermësst, a wou hien an der australescher Metropol am léifste seng Zäit verbréngt, huet hien dem Yves Trevalec verroden.