Lëtzebuerger am Ausland: beim Stefan a Raquel zu Las Vegas

02.01.2019 / 00:09:31

Las Vegas – d’Stad vun de Casinoen, Zauber-Showen a verréckten Hochzäiten.

Eng spannend Destinatioun, wou déi meescht Touriste just kuerz Zäit verbréngen. D’Raquel an de Stefan par conter hunn decidéiert, do ze bleiwen. Déi zwee Lëtzebuerger hunn zu Las Vegas eng italienesch Gelateria opgemaach a bidden en europäesche Feeling an der Wüste-Stad un. Den Yves Trevalec huet déi zwee Lëtzebuerger am Ausland besicht.