Live! Planet People

22.06.2018 / 00:28:53

De Sven Hannawald war en erfollegräiche Sportler, duerno ass hien an e Lach gefall. Haut schafft hien als "Anti-Burnout-Beroder".

Hien huet 2002 als éischte Skisprénger iwwerhaapt déi véier Manche vun der Vierschanzen-Tournee gewonnen, mat der däitscher Équipe huet hien sech Gold bei den Olympesche Spiller geséchert. Duerno goung et sportlech biergof, hien huet un engem Burnout gelidden. Haut schafft hien als Beroder a Coach an huet e kloere Message: et dierf een sech net zevill ënnert Drock setzen an et muss een sech déi néideg Rou gënnen.