Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
D'Anne Faber reest mat hirer "Anne's Kitchen" duerch Asien. Den Acteur Claude Paulus ass an der RTL2-Castingsoap "Chartbreaker" ze gesinn.
D'Ekonomistin Nathalie Meier iwwert hirt Paleo-Buch, de Bodybuilder Clarence Devis iwwert de "MrOlympia"-Concours an d'Melody Funck iwwert de SNOB-Magazin.
Mir hunn dräi vun de Gewënner vun de "Luxembourg Music Awards" am Studio: den Edsun, de Georges Goerens (Bartleby Delicate) an d'Karma Catena (C'est Karma).
Mam Tom Schnell kucke mir op d'EuroLeague-Aventüre vum F91 zeréck. D’Danielle Rassel huet e Buch iwert hire Bouf geschriwwen, dee mat Down-Syndrom gebuer gouf.
D'Niharica Raizada ass hei am Land opgewuess a schafft elo an Indien als Actrice. De P.Becker an den T.Hensgen hunn d'Spëtzekandidate Wiseler a Bettel begleet.
Mir presentéieren dräi Manifestatiounen: d'Album-Release vu GoByBrooks, d'Researchers' Days an de Galaowend vun der Luxembourg Marching Band.
D'Amii Watson huet zesumme mat zwee Kollegen d'Kleedermarque "Bluem" lancéiert. D'TV-Kächin Theresa Baumgärtner huet hiert "Hazelnut House" opgemaach.
Den Nick Butter wëllt an all Land e Marathon lafen. D'Nathalie Scheer an den Domingos Lima stelle Creamisu vir. A mir lancéieren den Télévie 2019.
Mir entdecken d'Regioun ronderëm den Nordpol, eng Regioun déi a Gefor ass. De Biolog Benoît Sittler zielt Lemmingen, d'Eilo Elvinger fotograféiert d'Déieren.
Den Triathlet Eric Wagner huet sech beim Ironman op Hawaii als 90. a beschte Lëtzebuerger klasséiert. Den Dennis Breiser fiert mam Velo duerch ganz Europa.
D'Politikerin Astrid Lulling stellt hir Biographie vir. De Rom Bernard an de Guy Heintz prouwe grad fir de grousse CoolFeet-Comeback.
Haut dréint sech alles ronderëm "Superjhemp Retörns". Am RTHell-Studio sinn den Haaptacteur André Jung, de Realisateur Félix Koch an den Auteur Lucien Czuga.
De Jan Berlo koum als Meedchen op d'Welt, mä lieft elo als Mann. Den Alex Rollinger ass Responsabel vum Tréierer LGBT-Zentrum SCHMIT-Z.
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Den Online-Fraen-Magazin Maddi vum Mady Lutgen, de Kamellebuttek vum Street-Artist Raphael Gindt an de Projet #Win vum Kënschtler Jacaques Schneider.
D'Sarah Cattani pendelt tëschent Lëtzebuerg an Indien, wou si sech ë.a. fir eng Schoul engagéiert. Mam Danielle Maas kucke mir iwwert d'Affiche vum WTA-Turnéier
EuroLeague-Euphorie beim F91: mir fille beim Kapitän Tom Schnell a beim Superfan Emilia Oliveira de Bols. Den Tommy Schlesser stellt seng aktuell Projeten vir.
De Ralph Diseviscourt iwwert d'Race Across America, d'Julie Picciau iwwert säi Velostour duerch Lëtzebuerg an d'Karine Melchert iwwert "De Keller ass empty".
Den Tom Hoffmann erzielt vu sengem Volontariat am Nepal. Donieft zwee Auteuren: de Laurent Schley (Mamendéieren zu Lëtzebuerg) an den Tim Kesseler.
D'Debbie Kirsch huet an Indien hir eegen nohalteg Kleedermark gegrënnt. Den Dr Ed Lu, Invité um Asteroid Day, war als NASA-Astronaut dräimol am Weltall
De Sven Hannawald war en erfollegräiche Sportler, duerno ass hien an e Lach gefall. Haut schafft hien als "Anti-Burnout-Beroder".
D'Kankyo Tannier lieft zënter 17 Joer an engem buddhistesche Klouschter. De Sébastien Louis ass Expert fir Hooligans a Futtball-Ultras.
D'Sängerin Christine Heitz lancéiert hire Solo-Projet "Krick". Donieft: de BMX-Flatland-Weltmeeschter Viki Gomez an de Futtball-Freestyler Sven Fielitz.
Den Ultra-Cyclist Ralph "Dizzy" Diseviscourt freet sech op d'Race Across America 2018. De Pianist David Ianni engagéiert sech fir d'DKMS an den Don de Moelle.
Den Jordan Neves zielt zu de grousse Karate-Talenter, dem Thierry Mersch säin neien Album ass ganz perséinlech an de Felix Hemmerling stellt "Univize" vir.
Den Joscha Remus kennt 111 Plazen an der Stad, déi ee gesi muss hunn. De Kënschtler Olivier Sader ass mat senger hanzer Famill bis an den Iran gereest.
Mam Jimmy Martin a mam Frederick Reischl kucke mir op de leschte Lëtzebuerger ESC-Optrëtt 1993 zeréck. Mam Christine Hansen probéiere mir besser ze schlofen.