Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
De Rapper Tommek erweidert säi musikaleschen Horizont: säin neie Projet heescht "Räpzodi". D'Sara Martin freet sech, op een "hat oder si" fir eng Fra seet.
D'Kënschtler Lucie Majerus a Julien Hübsch presentéieren den Hariko. D'Geneviève Mersch an de Christian Neumann si fir routwäissgro a friem Welten agetaucht.
D'Marianne Donven an de Pascal Clement hunn en "Oppent Haus" - si hu Flüchtlinge bei sech opgeholl. Donieft: de Roland Kalté huet en Theaterstéck geschriwwen.
Den Turner Sascha Palgen zitt sech vum aktive Sport zeréck. D'Tessy Gonderinger an d'Dany Konsbrück goufen fir d'drëtt als Sportséquipe vum Joer ausgezeechent.
Eis Kinoséquipe huet sech "Egon Schiele: Tod und Mädchen", "Sully", "About Ray" a "Vaiana" méi genee ugekuckt.
D'Claudia Rosa an de Schoulhond Kitai, de Mister Science Joseph Rodesch iwwert d'Researchers' Days an de Comedian Guido Cantz.
Virum internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung sinn d'Vera Bintener vun Info Handicap, den Tom Erdel vum IDV an d'Snejana Granatkina am Studio.
De Guildo Horn ass Schlagerstar, Ënnerhalungskënschtler a Konschtfigur. Am Live! schwätzt hien awer och iwwert säin Engagement fir geeschteg Behënnerter.
D'Renée Hutmacher hält op: no 19 Joer ginn d'Bieren aus Lëtzebuerg an d'Pensioun. De Patrick Stoltz an de Carlo Garganese bauen a sammele Modell-Camionen.
D'Danièle, den Joy an de Loïc hunn haut "Le Client", "Une Vie", "Allied" a "Le petit locataire" op hirer Affiche stoen.
Den George Nixon huet laang Zäit op der Strooss gelieft, elo huet hien am Kader vum "Fratello" de Poopst begéint. Donieft den däitsche Sänger Klaus Hoffmann.
D'Julia Gregor an d'Yolande Koster (Catch a Smile) waren an engem griichesche Flüchtlingscamp.D'Andrée an de Ralph Hanck engagéieren sech fir Médecins du Monde.
De Marcel Steffen huet dem Domenico Biasi no engem Accident d'Liewe gerett. D'Annick an de Christian Wolfers hunn zesumme mam Sylvie Meis e Pubspot gefilmt.
De Gérard Fritz trëtt an Eisträich als Kaiser-Franz-Duersteller op. Donieft de japaneschen Duo "Fried Pried", deen neierdéngs mam Gast Waltzing zesummeschafft.
Den Invité Jani Thiltges kuckt op 30 Joer Samsa zeréck. Donieft d'Kritik vun "Fantastric Beasts and where to find them", "Iris" an "History of Love".
Den éischten Interview mat den dräi Schleck-Bridder zesummen. De Frank iwwert säin Abschied, den Andy iwwert seng aktuell Projeten an de Steve iwwert den TDF.
Den Nilton Martins spillt an engem Andy-Bausch-Kuerzfilm de Freddie Mercury. D'Ex-Triathletin Liz May schreift a moolt elo Kannerbicher.
De Mike McQuaide (American in Luxembourg) hat en Häerzinfarkt. Weideren Thema sinn natierlech d'US-Wahlen, wou den Eric Hamus fir RTL op der Plaz war.
De Sacha vu Mutiny on the Bounty erzielt vun hirer China-Tour. Donieft: de Gregório Entringer, e brasilanescher Museker mat Lëtzebuerger Wuerzelen.
Den Joy an de Loïc hu sech ugekuckt: "Jack Reacher", "Hacksaw Ridge", "The Light Between Oceans" a "Réparer les vivants" ugekuckt.
De Chris Maas war als Batteur mat Mumford & Sons zwee Joer op Welttour. Den John Rech stellt den neien DreamCatcher-Album "Vagabonds" vir.
De Luc Marteling huet fir RTL.lu déi amerikanesch Wahle suivéiert. De Guy Weber stellt den neien DNA-Fall vir.
De Schloflabo vum CHEM feiert 20 Joer. Am Studio sinn den Dr Michel Kruger an den Narkolepsie-Patient Walter Trattler.
De Jemp Schuster huet sech déi lescht zwee Joer rar gemaach, fir e Buch iwwert Groussbus ze schreiwen. Den Olivier Toth stellt de Rockhal Sonic Visions vir.
Op der Kinosaffiche vun dëser Woch: "Snowden", "The Accountant", "Le ciel attendra" an "Train to Busan".
Den Denis Garzaro an den Dr Jean Beissel informéieren iwwert de Marfan-Syndrom. Den Dr Edgar Bettendorff ass e "médecin sans vacances" a war am Congo am Asaz.
D'Tessy Muller ass Make-Up-Artist. Hir Youtube-Videoe gi weltwäit geklickt! De Jacques Molitor an de Michel Tereba stellen hir routwäissgro-Doku vir.
Déi bescht Live!-Momenter mam Equilibrist Roger Qauino, mat der Sängerin Angélique Kidjo a mam Unicef-Mataarbechter Yves Dublin.
D'Monique Biren ass Infirmière op der Palliativstatioun vum CHEM. D'Erny Hentges-Wagner huet e Kannerbuch iwwert d'Trauer geschriwwen.
Eis Kinokritiker Danièle Michels a Loïc Tanson hu sech dës Woch Doctor Strange", "I, Daniel Blake", "Sing Street" a "Ma vie de Courgette" ugekuckt.