Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Eis Kinosexperten Danièle Michels a Joy Hoffmann diskutéieren iwwert "Coco", "Bad Moms 2", "Jalouse" an "Numéro Une".
Esoulues hëlt den Télévie 2018 Formen un. Am Studio sinn d'Ambassadrice Désirée Nosbusch, d'Coordinatrice Diane Wunsch an d'Nathalie Weber-Frisch vu Kiwanis.
D'Designerin Sophie Dewalque huet déi nei RTL-Espressotaassen entworf. D'Cojellico's Jange presentéieren hiren neien Album "Dammenalphabet".
D'Kelly Nilles an de Christophe Meisch si Miss a Mister Lëtzebuerg. "Magnus & John" ass en neie Museksprojet, wou och dem Mulles säin Trainer matspillt.
Den Ernie Hammes iwwert säin neien Album "Evolution". De Streetworker Miki Vujovic an de Sportler José Teixeira iwwert d'MMA-Amateur-WM am Bahrain.
D'Danièle, de Loïc an den Joy hu sech dës Filmer méi genee ugekuckt: "The Square", "Jupiter's Moon", "Aus dem nichts" an "Thank you for your service".
D'Frédérique Buck gouf fir #iamnotarefugee, wou si ë.a. de Mario Khallouf portraitéiert huet, mam Buchpräis ausgezeechent. D'Carole Reckinger war am Südsudan.
E musikalesche Live: de Videoclip-Award fir "No Metal in this Battle", déi nei Single "Talk" vun Tuys an d'AngerFest vu Scarlett Anger.
Den Extrem-Schwëmmer Lewis Pugh an de Lëtzebuerger Mieresbiolog Pierre Gallego engagéieren sech allebéid géint d'Verschmotzung vun de Weltmierer.
D'Sandra Visscher (Directrice Unicef Lëtzebuerg) erkläert firwat de Weltkannerdag wichteg ass. De Max Schreiner an d'Cathy Miguel (LCD) engagéieren sech sozial.
Dës Woch op der Affiche: "Justice League", "You Were Never Really Here", "Maryline" a "Loving Vincent".
Mir kucke mam Bob Jungels op d'Saison 2017 zeréck an op 2018 no vir. Meeschtens gëtt hie vu sengem Papp Henri begleed. Wéi wichteg ass dee Support?
D'Anne Graas huet eng seele Krankheet: CRPS. Si spiert permanent eng schlëmm Péng. D'Psychologin Catherine Verdier ass Spezialistin fir Mobbing an der Schoul.
D'Rockhal organiséiert dëse Weekend hir "Sonic Visions". Den Direkter Olivier Toth presentéiert dee Festival, wou och "Dorian & Louvar" optrieden.
Mir feiere 25 Joer Eldoradio. Am Studio sinn dräi Generatioune vun Eldo-Présentateuren: de Serge Linckels, den Andy Pawlikowski an d'Morena Luisi.
Eis Kinoskritiker knäppen sech dës Woch véier Filmer vir, dorënner zwee Tennisfilmer: "Borg/McEnroe", "Battle of the Sexes", "L'Atelier" an "The Foreigner".
De Pino Scalise huet an Indien seng Patenduechter besicht. D'Journalistin Jenny Fischbach war am Bangladesch fir e Reportage iwwert d'Rohinga-Flüchtlingsdrama.
D'Fabienne Colling stellt d'Expo Perceptions vir. Och de Kënschtler Armand Strainchamps stellt erëm aus, dës Kéier esouguer Skulpturen.
D'Mina Becker, 84 Joer al, schreift Gedichter. D'Cathy Clement, an den 90er Joere fir hir Jugendromaner bekannt, war elo op engem Festival fir Kannerliteratur.
Mir gi lafen, an zwar mam Extremsportler Garry Assel a mat den Hobbyleefer Dan Thuy a Stéphane di Carlo vum Fat Batty Run.
An eisem Live!-Kino leeft haut: "The Killing of a Sacred Deer", "D'après une histoire vraie", "Logan Lucky" a "Le fidèle".
D'Natalie Silva gëtt déi éischt Buergermeeschtesch mat kapverdianesche Wuerzelen. De Serge Wolfsperger huet fir routwäissgro um Royal-Hamilius gefilmt.
Déi beschte Live!-Momenter mam Carine Nickels (Verkéierssécherheet), Liz Rehlinger (Stammzellenspend) an Harald Glööckler (Moud).
D'Catherine Elsen iwwert de Maskénada-Projet "Ënnert eis", d'Sängerin Tyra iwwert hiren internationalen Erfolleg an de Michi Mentgen vu Seed to Tree.
D'Kimberley Nelting ass Karate-Weltmeeschterin an hirer Alter- a Gewiichtsklass. Mam Manuel Cardoni kucke mir op d'U21-Quali zeréck an op d'U19-Quali no vir.
D'Danièle Michels an de Loïc Tanson hu sech "Thor Ragnarok", "Maudie", "Au Revoir Là-Haut" an "Zombillenium" méi genee ugekuckt.
#metoo - och zu Lëtzebuerg. Am Studio sinn d'Mady Lutgen, selwer Affer vu sexueller Belästigung, an d'Ainhoa Achutegui vum Planning Familial.
Den Dumitru Dorin Prunariu ass den eenzege rumäneschen Astronaut. De Gilbert Reyland an de Luciano Afonso sinn no der RTL Success Story 2011 duerchgestart.
D'Michèle Welter an den Nicolas Chevremont waren Deel vun der leschter Lëtzebuerger KFOR-Missioun. Den Henri Losch stellt säin neit Buch "De Kregéiler" vir.
Den "Ciscinho" ass den éischten E-Sports-Fussball-Profi hei am Land. Den Dirk Bockel ass Ufank 2017 zeréckgetrueden. Wat mécht hien no senger Karrière?