Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Dräi Filmer stinn dës Woch op der Affiche: "Insyriated", "Petit Paysan" a "Victoira and Abdul".
D'Adriana Pinto an d'Melissa Pereira sammele fir d'Affer vun de Bëschbränn a Portugal. De Journalist Christophe Bumb huet mat reporter.lu en ambitiéise Projet.
De Laurent Kalmes krut mat 21 d'Diagnose MS; haut schafft hien als Motivatiounscoach. De Stéphane Joly-Meunier wëllt 2018 am Rudderboot iwwert den Atlantik.
D'Actrice Gintare Parulyte steet mat hirem 1. Buch "Fuck" op Plaz 1 an de Bestseller-Lëschten. De Sänger Edsun stellt säin neie Video "Apologee" vir.
Mir stellen zwee aktuell Projeten vir: d'Semaine de l'Education au Développement Durable an d'Journée Mondiale du Refus de la Misère.
D'Danièle, de Loïc an den Joy diskutéieren iwwert dës nei Filmer: "Der junge Karl Marx", "Detroit" an "The Mountain Between Us".
De Gérard Valerius sammelt scho méi laang Konscht; elo huet hien seng eege Galerie. D'Natascha Bintz wëllt de Concours "Miss&Mister Lëtzebuerg" moderniséieren
De Jeff Herr an de Joël Heyard stellen hire musikalesche Projet "The Gazmen" vir. De Yann Tonnar huet fir routwäissgro eng Classe d'accueil suivéiert.
De Mike McQuaide huet e Buch iwert seng Zäit als "American in Luxembourg" geschriwwen. De Guy Bertemes ass queesch duerch de Bodensee geschwommen.
Deen neien Talkmagazin am fréien Owend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit. Méindes bis Freides 18:35 op der Télé
Den Joy Hoffmann an de Loïc Tanson verroden eis, wat si vu "Blade Runner 2049", "Le sens de la fête" an "Happy End" halen.
Den Alain Frantz wëllt mat engem Video Reklamm fir den Organspendepass maachen. De Jos Kayser huet en autobiographesche Roman iwert Mëssbrauch geschriwwen.
De Militärmuseker Philippe Noesen iwert säi Projet "Luxembourg Wind Orchestra" an d'Kënschtlerin Elisabeth Calmes iwert d'Biographie vun hirem Grousspapp.
"Ich hab' da mal was vorbereitet" - de Jean Pütz huet mat 81 Joer säi Liewen a seng TV-Karrière zu Pabeier bruecht. Donieft: den E-Violonist Chris Reitz.
Mam Danielle Maas kucke mir op de WTA-Turnéier op der Kockelscheier no vir. D'Mandy Minella muss dëst Joer wéinst hirer Babypaus passen.
Eis Kritiker hu sech dës Woch "Sixty8" (Andy Bausch) ugekuckt. Donieft: "Kingsman: The Golden Circle", "Un beau soleil intérieur" an de CinEAst-Festival.
Schrill, extrovertéiert, erfollegräich: den Harald Glööckler gehéiert zu bekanntsten däitsche Moudendesigner.
Wéi war et 1968 wierklech zu Lëtzebuerg? Dat wëllt den Andy Bausch a sengem Film "sixty8" wëssen an huet dofir ë.a. de Pit Hoerold an de Men Maas interviewt.
Den Don vu Stammzelle ka Liewe retten! Bei eis am Studio sinn d'Patientin Liz Rehlinger, de Spender Tiago Lago Gonalves an de Claude Hemmer.
"RTL You" ass eng nei Video-Plattform. Bei eis am Studio sinn d'Youser Yaya Van Chique, d'Madame Jael, d'Emski an de Kahloh.
Dës Woch am Kino: "Loveless", "Mon garçon", "Wind River" an "HHhH".
De Jean-Paul Raths a seng Duechter Géraldine kennt een allebéid vun der däitscher Tele. Elo inszenéiere si zesummen d'Theaterstéck "Verrücktes Blut".
De Gustavo Gimeno ass zënter zwee Joer Museksdirekter a Chefdirigent vum OPL. Mat him am Studio ass d'Lëtzebuerger Violinistin Fabienne Welter.
D'Carine Nickels gouf viru 5 Joer bei engem Autosaccident esou schlëmm blesséiert, dass si zënterhir am Rollstull sëtzt.
D'Cathy Reichling-Steffen an d'Larissa Schlechter hunn d'Kanner-CD "Braddel Babbel" erausbruecht. D'Adrienne Haan interpretéiert Chansons op hir eege Manéier.
Eis Kinoskritiker Danièle a Loïc huelen dës Filmer ënnert d'Lupp: "Mother!", "Le Redoutable", "Good Time", "American Made" an "Hampstead".
De Carlo Arendt huet en neien Challenge fonnt: mat engem Gasballon wéi fréier fléien. D'Stéphanie Welbes an de Ricardo Vieira sichen Acteure fir hir "Nei Revue"
D'Anne Faber presentéiert déi nei Saison vu senger "Anne's Kitchen". De "Survival Ranger" Jean-Marie Gang sicht d'Erausfuederungen an der Natur.
Déi sportlech Highlights vun dësem Summer. Wéi huet de Gilles Muller d'Mulles-Mania erlieft? A wéi zefridden ass den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz?
Mam Camille Gonderinge an de Spiller Sarah de Nutte a Luka Mladenovic kucke mir op d'Dëschtennis-EM. Den Dan Spogen mellt sech live vum leschte Fouer-Dag.