Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Den Tim Hensgen an de Loïc Tanson kucken iwwert de Summerprogramm. Donieft d'Kritik vun "War for the Planet of the Apes" a "Song to Song".
De Museker Pierre Bihl iwert säi Solo-Projet "Bye Bye Bay", de Roby Schuler iwert de "Rock um Knuedler", an den Tom Schartz iwert den 1. Buerféiss-Wanderveräin.
Dräi Sportler am Live!: den Open-Water-Schwëmmer Alex Graf, de Rallyefuerer Steve Fernandes, an de Porsche-Supercup-Pilot Dylan Pereira.
De Franky Hippert an den Nico Keiffer kommentéieren d'Mulles-Matcher mat extrem vill Emotiounen. De Pol Belardi stellt ee vu senge Projeten vir: "Urban Voyage".
Mam Frank Jaeger kucke mir op 60 Joer däitschen RTL-Radioprogramm zeréck. De Marvel-Zeechner Mike Perkins huet d'Affiche vum BD-Festival 2017 gemoolt.
De Loïc Tanson an den Tim Hensgen hunn d'Filmer "Despicable 3", "Viceroy's House", "Das Pubertier" a "La Fille de Brest" scho gesinn a veroden eis hir Andréck.
De Jean-Paul Kieffer ass Fotograf an Teammanager beim Red Bull Air Race. Den Alain Welter wëllt säin Duerf mat "Make Koler Kooler" grouss erausbréngen.
Mir kucken op déi sensationell Progrès-Victoire zeréck. Am Studio sinn den Trainer Paolo Amodio, de Stiemer Alex Karapetian an de Journalist Jeff Kettenmeyer.
De Sprangreider Marcel Ewen huet bei de Päerdsdeeg fir exzellent Resultater gesuergt. Donieft: de Lëtzebuerger Borussia-Mönchengladbach-Fanclub.
An eisem Tour-de-France-Studio zu Munnref begréisse mir de Fränk Schleck, den AG2R-Nowuesfuerer Kevin Geniets an de Romain Gastauer, Papp an Ex-Trainer vum Ben.
Invitée am Studio ass d'Nadine Petit fir den neie Kino zu Dikrech virzestellen. Donieft d'Filmer "Transformers: The Last Knight", "Visages Villages" a "K.O.".
Wéi geféierlech sinn Asteroïden? Dat erkläeren eis de franséischen Astrophysiker Dr. Patrick Michel an de Museker an Asteroïden-Entdecker Matt Dawson.
Den David Mourato an d'Linda Dieschbourg si modern Nomaden. D'Yasmin Duton an hiren Assistenzhond Bambou hunn demenzkrank Patiente betreit.
Den Dr Jean-Claude Leners ass grad vu senger 15. Auslandsmissioun fir German Doctors erëm. De Ben Konen presentéiert den éischten Album vu "Cluttered Clarity".
D'Liliane Ries-Leyer gouf op Nationalfeierdag stellvertriedend fir AEIN ausgezeechent. Den Oscar-Gewënner Laurent Witz huet en neie Film realiséiert: "Cogs".
De François Thiry ass de Papp vun den renomméierten Réiser Päerdsdeeg a passionéiert vum Reitsport. D'Tanja Raveane ass déi nei "Stëmm" vun der Arméi.
D'Joey Adam ass Draachenziichterin an Zäitreesend. D'Guig Jost an d'Sandy Lorente presentéieren déi nei routwäissgro-Episoden.
De Fritz Hurt huet vu Waasserbëlleg aus de Jakobswee absolvéiert. De Georges Oestreicher an de Claude Crauser erkläeren de gudden Zweck hannert dem Duckrace.
De Gast Waltzing spillt de Mëttwoch e Concert op der Kinnekswiss mat China Moses. D'Sylvia Camarda schwätzt iwwer d'Reprise vum Projet "Letters from Luxembourg"
Véier Filmer duerch de Brëll vun eise Kinoskritiker gekuckt: "Wonder Woman", "All Eyez On Me", "Baywatch" an "Ce qui nous lie".
D'Jessica Merenz an de Mathieu Dubois maachen eng Weltrees an huelen hir kleng Kanner mat. D'Lizz Steichen spillt an der neier englescher Band "Hey Charlie".
De Marc Pannacci kuckt op 22 Joer Fuersécherheetszentrum zeréck. De Guy Alba an de Jean-Paul Friederich engagéiere sech mat ELA am Kampf géint Leucodistrophie.
De Gilles Mores an d'Mandy Parracho hunn op der Sportkeele-WM 7 Medaille gewonnen. Den John Rech presentéiert d'Diddelenger Fête de la Musique.
Den Thierry Mersch huet eng nei Single erausbruecht: "Final Crossroads". Donieft suerge mir am Virfeld vum Autocross-Event fir vill Stëpps ronderëm d'RTL-City.
Dës Woch am Kino: "The Wall", "The Mummy", "Pirates of the Caribbean 5" a "Comment j'ai rencontré mon père".
D'Simone Mousset gouf mam Nationalen Danzpräis ausgezeechent. De Steve Karier iwwert de Fundamental Monodrama Festival a säin neit Stéck "Out in Africa".
E musikalesche Live! De Victor Ferreria spillt als "Sun Glitters" op de groussen Elektro-Festivals. Donieft: de Joé Birchen an de Greg Colling vun "Trappers".
Mir kucken mat Alwin de Prins (Chef de Mission), Tim Laevert (Volley), Laurent Carnol (Schwammen) a Pol Weisgerber (Velo) op d'JPEE San Marino zeréck.