Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Déi beschte Live!-Momenter mat Raphaël Kneip, Ehab Ghandour & Lama Alogli, Anne Faber a Marc Girardelli.
Eis Kinoséquipe kuckt nach emol de Festival vu Cannes zeréck. Donieft déi zwee nei Filmer "L'amant double" a "Before I Fall".
Den Nick Friedl huet de Festival "Koll an Aktioun" matgegrënnt. De Loïc Fonseca an d'Céline Donven ware mat 100 anere Schüler bei Regatta.lu dobäi.
D'Sängerin Patricia Venâncio huet sech rar gemaach, mä presentéiert elo hir nei Single. De Guy Helminger huet en Theaterstéck iwwert Europa geschriwwen.
De Benoît Niederkorn schafft als Curateur am Nationale Militärmusée. Den Alex Pilger ass e jonke Skater, deen sech op den 3en1-Event freet.
D'Pascale Schmoetten huet sech beim ING-Semimarathon als 3. klasséiert. D'Christelle Jussac engagéiert sech fir en Déierenasyl am griichesche Kalamata.
De Loïc Tanson an den Joy Hoffmann melle sech vum Festival vu Cannes. Wat sinn hir Favorite fir den César?
Déi beschten Live!-Momenter aus den Emissioune mam Liz Riewer (Stage a Südafrika), dem Christian Karembeu (franséische Fussballer) an dem Jokerboy.
Wéi gi Jonker betreit, déi am Heem oder bei Fleegefamilljen opgewuess sinn? Am Studio: Ute Karl (uni.lu), Peggy Fogel (Arcus) a Bernd Schäfer (Foyer Leir).
Mam Chef de Mission Alwin de Prins, der Volleyballerin Nathalie Braas an der Judoka Manon Durbach kucke mir op d'Spiller vun de klenge Länner no vir.
De Marc Girardelli huet e Krimi geschriwwen: "Abfahrt in den Tod". D'Liz Burton an den Nicolas Calmes goufe mam Prix Laurence fir Nowues-Auteuren ausgezeechent.
Nieft den éischten Andréck vum Filmfestival vu Cannes kucke mir eis och "Alien: Covenant" an "Their Finest" méi genee un.
Den David Goldrake gëtt eis en Update iwwert seng nei Show zu Las Vegas. De Jean Bettingen stellt säi spezielle Konschtprojet "The Unique Switch" vir.
Den "Joker Boy" ass e Star an der Tattoo-Szen an trëtt dëse Weekend bei "The Storm" op. Donieft: d'Kim Schneider an d'Charlotte Bruneau vu routwäissgro.
D'Anne Faber huet am Casino e Popup-Restsurant. Den Ehab Ghandour an d'Lama Alogli kommen aus Syrien an hunn op Radio Ara eng Emissioun op arabesch.
D'Fotografin Kary Barthelmey stellt d'Topmodel-Shootings no. De Sam Tritz an den Tun Biever presentéieren déi nei Tuys-Single "Belong".
D'Danièle an de Loïc hunn dës Filmer matbruecht: "Django", "I Am Not Your Negro", "Aurore" a "King Arthur: Legend of the Sword".
D'Danzproff Sabrina Iacovazzi iwwert de Spektakel "DancEmotions" an den Acteur Raoul Migliosi iwwert d'Theaterstéck "Fluchtpunkt".
De Raphaël Kneip ass mam Velo vum Laon an de Cambodge gefuer fir zu sech selwer ze fannen. De Foodtruck-Pionéier Kim Conrardy stellt den "Truck'n'Roll" vir.
Zwee Ex-Fussballer am Live! De Christian Karembeu, mat Frankräich Welt- an Europameeschter an de Marc Oberweis, deen no dëser Saison zerécktrëtt.
Den Dorian "Cherokee" Miche ass e jonke Lëtzebuerger DJ, dee weltwäit opleet. D'Toxkäpp Patrick a Frank presentéieren hiren neien Album "e quante Sprong".
D'Danièle, den Joy an de Loïc hu sech dës Kéier ugekuckt: "Félicité", "El Ciudadano Illustre", "Get Out" an "The Space Between Us".
D'Presidente Max Hengel a Frank Fischer iwwert d'Basketsfinallen Amicale-MuselPikes. De Crossfit-Coach Joe Mazzi iwwert d'Lux Fitness Challenge.
D'Liz Riewer huet 6 Méint a südafrikanesche Slums geschafft. De Sänger Lata Gouveia wëllt mam Grund Songwriter Club aner Museker zesummebréngen.
De Frank Schleck preparéiert de Mike Fandel op seng Schleck Gran Fondo. Den Tréierer Stärekach Wolfgang Beckers stellt seng Küchenparty vir.
Déi beschte Momenter aus de Live!-Emissioune mam Yannis Bastian, Carlo Arendt a Mickey Hardt.
D'Réalisatrice Anne Simon iwwert den Tournage vun "Ashcan". Donieft: "Denial", "Guardians of the Galaxy 2" an "Tarde para la ira".