Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
D'Sophie Glesener war fir SOS Village d'Enfants Monde am Nepal. De Gauthier Crommelinck ass de Marathon des Sables matgelaf.
De Pianist David Ianni huet en neie Projet: My Urban Piano. D'Julie Rodesch an den David Soppelsa hunn et mat hirer Band "My Own Ghost" gären e bësse méi haart.
Den Auteur Bernd Marcel Gonner huet säin éischt Kannerbuch erausbruecht. De Kevin "Brebo" Risch ass Youtuber a stellt säin éischten Hiphop-Album vir.
Dem Mickey Hardt seng Zäit bei "Rote Rosen" ass eriwwer. Wéi huet hien déi Zäit zu Lüneburg erlieft? A wéi gesäit et mat senge Projete fir d'Zukunft aus?
De Loïc Tanson an d'Danièle Michels hu sech "Fast and Furious 8", "A United Kingdom", "Life" an "Un profil pour deux" méi genee ugekuckt.
De Carlo Arendt ass mam Ballon iwwert den Ärmelkanal geflunn. De Mirko Mosr an de Cédric Farinon sinn Äishockey-Nationalspiller an hunn d'WM gewonnen.
De Lieven Litaer enseignéiert eng ganz rar Sprooch: Klingonesch! D'Anne Schiltz an den Eric Lamhène presentéieren déi nei routwäissgro-Episoden.
De Yannis Bastian ass mam Velo ronderëm d'Welt gefuer. Hien war 2½ Joër ënnerwee an huet 32'000 Kilometer absolvéiert. Elo ass hien zeréck zu Lëtzebuerg.
Déi beschte Live!-Momenter aus den Emissioune mam Dylan Thiry (Koh-Lanta) a mat der Sängerin Vicky Leandros.
Déi beschte Live!-Momenter aus den Emissioune mam däitsche Schrëftssteller Tom Hillenbrand a mam franséische Fotograf Jean-Daniel Lorieux.
Déi bescht Momenter aus de Live!-Emissioune mam White-House-Korrespondent Philip Crowther a mat de Computer/Spillkonsole-Sammler Andy Rotolo a Robert Ronck.
Déi bescht Momenter aus de Live!-Emissioune mat Christiaan van Heijst (Cargolux-Pilot & Fotograf), Goy Feltes (pensionnéierte Luxair-Pilot) a Sylvia Camarda.
Déi beweegendst Momenter aus de Live!-Sendungen nom Doud vum Roger Leiner a mam Viktor Staudt, dee sech d'Liewen huele wollt.
Déi beschte Momenter aus de Live!-Sendunge mat de Sportler Raphaël Stacchiotti, Gilles Muller, Reinhold Breu an Dirk Carlson.
Mat der Kritik vun "Es war einmal in Deutschland...", "Orpheline", "Power Rangers" an "Die Häschenschule" gëtt eisen ale Studio an d'Pensioun geschéckt.
De peruanesche Sänger Sir Nassu Bowe huet Lëtzebuerger Wuerzelen. De Paul "Melting Pol" Schumacher verréit op wat ee sech bei de Magicastle Nights freeën dierf.
D'Ex-DSDS-Kandidatin Kelly Decker stellt hir nei Single vir. D'Tiziana Kneip an d'Arlette Dos Santos freeën sech iwert den Erfolleg vu "Plus Size Girls".
De Bruno Oliviera, d'Roxanne Peguet an de Yannick Schroeger hunn et an d'Final vun "Generation Art" gepackt.
Den Designer Sache Cooper huet seng nei Cooper-Hotcooture-Collectioun zu Vancouver virgestallt. De Jean-Guillaume Weis presentéiert "A Bucketful of Dreams".
D'Danièle, den Joy an de Loïc huelen "Ghost in the Shell", "Die Nacht der 1000 Stunden", "Sage Femme" an "The Boss Baby" ënnert d'Lupp.
Den Eric Mathias an de Marc Delfel ware bei der WM am Skibob dobäi! De fréiere Profi Christian Poos huet sech der extrember MBK-Course "Cape Epic" gestallt.
De Luc Spada stellt säin neit Buch "Fass mich an" vir. De Maka MC huet (zesumme mat D.Fluid a Ben Olinger) e ganz politescht Lidd erausbruecht: "Joe Thein".
D'Marie-Paule Hoffmann gouf fir hiren Engagement am Konschtturnen mam Präis vum Sportsbénévolat ausgezeechent. Donieft d'Sandy Lorente iwert den EFFI-Festival.
D'RTL-Journalistin Vidosava Kuzmic huet bei der Luxair d'Stewardess-Ausbildung matgemaach. De Claude Schmit stellt de Programm vum Autismus-Weltdag vir.
Dës Woch am Kino: "La Belle et la Bête", "Beauty and the Beast", "Brimstone", "Monsieur et Madame Adelman" a "Storm und der verbotene Brief".
Ee Mount virum groussem Télévie-Dag kucke mir op d'Editioun 2017 no vir. Am sinn den Dr. Guy Berchem, d'Nathalie Weber-Frisch (Kiwanis) an d'Diane Wunsch.
D'Sabrina Tomassini war bei der RTL2-Sendung "all inclusive" dobäi. De Jeff Engelen huet seng Gemeng Wëntger fotografesch ënnert d'Lupp geholl.
D'Vicky Leandros huet 1972 d'Eurovision fir Lëtzebuerg gewonnen. Si steet nach ëmmer op der Bühn, Enn Abrëll kënnt si an d'Rockhal.
De Jonathan Ponchon, selwer iwerzeegten Europäer, huet d'Beweegung "Pulse of Europe" op Lëtzebuerg bruecht. Donieft de Frank Rippinger iwert déi nei SpringBreak
Eis Kinoskritiker hu sech dës Woch ugekuckt: "The Other Side of Hope", "The Lost City of Z", "Patriots Day" a "Paris pieds nus".