Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Den Jazz-Museker Pascal Schumacher geet mam Album "Drops & Points" nei Weeër. Den Dylan Thiry war de Lëtzebuerger Kandidat bei der TF1-Sendung "Koh Lanta".
De Journalist Dan Hardy war fir e Reportage iwert Emweltverschmotzung am Ecuador. Donieft de Michel Tereba an d'Linda Blaschette iwert déi nei RWG-Episoden.
Den Yves Steichen huet d'Geschicht vum Utopia zu Pabeier bruecht. Donieft d'Lëtzebuerger Robotoer-Fussball-Nationaléquipe, déi Sponsore fir d'WM a Japan sicht.
De Bob Melcher an d'Liz Schmitz iwert de Basket-Coupe-Doublet vun der Amicale Steesel an den Olivier Ferber iwert seng Hëllefsaktioun "Man to Human".
Dës Woch op der Kinosaffiche: "Kong: Skull Island", "Miss Sloane", "A Real Vermeer" a "La Confession".
Esouvill Leit waren nach ni am Live!-Studio. De Serge Tonnar presentéiert déi nei Legotrip-Produktioun an huet säi ganze Chouer matbruecht.
D'Silvia Splicks an de Marc Feltgen iwert d'SpecialOlympics-Weltwanterspiller. De Guy Bertemes iwert seng geplangten 12-Kilometer-Bodenseequerung.
Den Noel Tani synchroniséiert e Storch am Film vum Jang Linster. De Guillaume Bouzar ass en Talent am Kart a gëtt dobäi vu sengem Bopa Henri Lucas begleet.
D'Laurence Scassellati iwwert Born2Dance, d'Raphaëlle Dickes iwert e Lëtzebuerger Lafexploit op Malta an de Mike Orazi iwwert de Postlaf 2017.
D'Regisseurin Laura Schroder stellt hiren neie Film "Barrage" vir. Donieft d'Kritik vun "Trainspotting 2" a "Logan".
De Mike Scheidweiler iwert säi Récktrëtt aus der Tennis-Daviscup-Equipe. De Charles Nilles (Artaban) iwwet säin neie Projet Sh'napan.
Den Eugène Burton huet virun 35 Joer d'Muselzeidung gegrënnt. De Cédric Schiltz, de Jeff Strainchamps an de Ben Dahm erklären, wat d'Bearded Villains sinn.
De Jason Silva ass e Star op musical.ly. De Luc Hoffmann an de Jérôme Schiltz hu bei engem Grillconcours op 1500m matgemaach.
De Georges Hausemer an d'Susanne Jaspers stellen hirt Buch iwert Lëtzebuerg vir. D'Marie Jung schwätzt iwert hiren aktuelle Projet am TNL.
Déi beschte Momenter aus eise Sendungen mam Schoulhond Kitai, mam F1-Ingenieur Dominique Riefstahl a mam Dr Raphaël Pitti, deen a Syrien hëlleft.
Déi beschte Momenter aus eise Sendungen mat den dräi Schleck-Bridder, dem Liewensretter Marcel Steffen an dem däitsche Schlagerstar Guildo Horn.
Déi beschte Momenter aus de Sendungen iwwert Organspenden, mam Batteur Chris Maas, mat der Tennis-Spillerin Laura Correia a mam Carmen Majerus.
Déi beschte Momenter aus eise Sendungen iwwert Autismus, mam Kënschtler Sumo a mam David Goldrake a senger Fra Abbey.
Déi beschte Momenter aus eise Sendunge mat der Auswanderin Sarah Cattani, mat de Paralympics-Sportler Luciano Fratini a Joël Wagener a mam Gio Spiridiglozzi.
De Loïc Tanson an d'Danièle Michels hu sech dës Filmer ugekuckt: "A Cure for Wellness", "Grüsse aus Fukushima", "Rock'n'Roll" a "Sieranevada".
De Velo-Nationaltrainer Bernhard Baldinger ass elo an der Pensioun. De Jérôme Lefèbre wunnt a schafft op Malta, elo wëllt hie komplett ronderëm d'Insel lafen.
Den Dan Tanson huet säin neit Wierk eng éischte Kéier an der Elbphilharmonie inszenéiert. Donieft: d'Vanessa Cum an de Luka Heindrichs vu Food For Your Senses.
D'Dänzerin Sylvia Camarda huet eng eegen Emissioun op Arte. D'Elena Smirnova mécht Rhytmesch Gymnastik a wënscht sech méi Support vun der Federatioun.
Den 11.2. war Europäeschen Dag vum Noutruff 112. Am Studio: d'Sandra Bettendorf, den Tunn van den Heuvel, de Christopher Schuh, an de Michel Demuth.
Haut op der Kinosaffiche: "Fifty Shades Darker", "Noces", "Silence" an "The Founder".
De Victor Staudt huet virun 20 Joer probéiert, sech d'Liewen ze huelen. Haut seet hien: et gëtt ëmmer eng besser Alternativ.
D'Fussball-Nationalspillerin Amy Thompson huet eng Saison an den USA gespillt. Den Andrea Galleti presentéiert den 1. Album vu senger Formatioun Diario.
Fir de gudden Zweck: de Flëpp Wenger iwwert de Festival "Listen to Haiti" an de Marc Hoeltegen an de Brian Schmitt iwwert d'Autorallye Dresden-Banjul.
Am Live! gëtt gesammelt, am Studio sinn d'Sammler Andy Rotolo (Nintendo), de Robert Ronck (Commodore) an de Kim Conter (Transformers).
Eis Kinoskritiker hu sech dës Woch d'Filmer "Moonlight", "Hidden Figures" an "Jackie" méi genee ugekuckt.