Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Den FLF-Sportdirekter Reinhold Breu an den Nationalspiller Dirk Carlson iwwert déi national Fussballschoul. De Julien Binda iwwert déi nei EP vun District7.
D'Dr Annika Lutz vun der uni.lu ënnersicht déi emotional Säit vum Iessen. Den Dr Paul Hentgen erkläert, ob e "Mount ouni Alkohol" sënnvoll ass.
De Goy Feltes ass dee wahrscheinlech bekanntste Pilot bei der Luxair. No 38 Joer geet hien an d'Pensioun. Donieft den Jazzbatteur Jeff Herr.
De Gilles Muller ass zeréck aus Australien. Mir kucken op den emotionalen Héichpunkt vu senger Karrière zeréck: säin éischten ATP-Titel zu Sydney.
Invité am Studio ass de "Rusty Boy" André Jung. Donieft stinn dës zwee Filmer op der Affiche: "La La Land" a "Manchester by the Sea".
De Cargolux-Pilot Christiaan van Heijst mécht aus dem Cockpit impressionant Fotoen. D'Jenny Fischbach an d'Deborah Ceccacci stellen déi nei GenerationArt vir.
D'Tammy Ruhl an d'Carole Olinger leiden u Lipödem, eng Fettverdeelungskrankheet, déi dacks net serieux geholl gëtt. Zu Onrecht, seet den Dr. Ramin Assassi.
De Raphaël Stacchiotti huet seng Sportzaldot-Grondausbildung als beschten ofgeschloss. De Claude Michely gouf 1985 bei der Cyclocross-WM zu München den Drëtten.
Gutt ausgesinn a gutt richen: den Ezri Kahn ass Couturier fir Haut-de-Gamme-Moud. De Cyrille Gerhardt entwéckelt Raumparfumen.
Haut am Kino: "Souvenir", "A Streetcar Named Bob", "Live by Night", an "The Great Wall".
Den Andy Bausch iwwert säin neie Film "Rusty Boys". De Philipp Colling an de Victor Rodriguez vun der Band Antifragile iwwert mathematesche Rock.
De Jean-Daniel Lorieux gehéiert zu de ganz grousse franséische Fotografen. An den nächste Woche gëtt en Deel vu sengem Liewenswierk am House17 ausgestallt.
Den Andreas Papp, Direkter vun der Nouthëllef vun den SOS Kannerdierfer, iwwert d'Missioun a Syrien. Den Tom Hillenbrand iwwert den neie Xavier-Kieffer-Krimi.
Den Antoine Calvisi wëllt den Ärdbiewenaffer a senger Heemecht Italien hëllefen. D'Diane Catani huet am Chile de sozialpädagogesche Projet Teatrobus gegrënnt.
Eis Kinosredaktioun kuckt op 2016 zeréck. Nei am Kino sinn "The Birth of a Nation", "Nocturnal Animals" an "Dalida".
Vu Lëtzebuerg an d'Wäisst Haus! De Journalist Philip Crowther suivéiert fir France24 déi politesch Aktualitéit zu Washington.
De Bluesmuseker Stéph "Kid" Colling stellt säin neien Album vir. De Loïc Tanson an d'Catherine Richard hunn déi nei routwäissgro-Episode realiséiert.
Mir erënneren un de Roger Leiner, deen den 29. Dezember gestuerwen ass. Am Studio sinn de Lucien Czuga, den Andy Genen an de Gérard Floener.
D'Handball-Nationaléquipe ronderëm den Dany Scholten huet zwee wichteg Matcher géint Georgien gewonnen. De Yann Logelin zitt Bilan vum Meteo-Joer 2016.
D'Danièle Michels an de Loïc Tanson schléissen d'Kinosjoer 2016 mat "Sing", "Assassin's Creed", "Little Men" a "Collateral Beauty" of.
Mam Museker Serge Tonnar an den RTL-Journalisten Deborah Ceccacci an Tim Hensgen kucke mir op eise Feierdagsprogramm no vir.
De Michael Carvalho Pinto huet a Brasilien senger Frëndin en originellen Heiratsantrag gemaach. De Michel Ribeiro weist déi schéinste Säite vum Mëllerdall.
De Christian Pierret huet zu Iechternach e Buttek mat Kleeder vum Harald Glööckler opgemaach. D'Sängerin Miss Georgia Gray presentéiert hir Chrëschtdagssingle.
De Raphaël Pitti ass e franséischen Dokter vu Metz, deen ëmmer erëm heemlech a Syrien fiert, fir an improviséierte Spideler z'operéieren.
Ganz uewen op der Affiche steet "Rogue One", mä den Joy an de Loïc hu sech och "Mademoiselle" a "Personal Shopper" ugekuckt.
D'Dorry Niclou-Spoo zaubert kleng Konschtwierker: si ass Glaspäreldréierin. Déi jonk Sängerin Cheyenne ass houffreg op hiren 1. Album "Me, Myself and I".
Eise Mann an der Formel1: den Dominique Riefstahl ass "Performance Engineer" beim MercedesAMG-F1-Team. Wat si seng Aufgaben? A wéi krut hien dësen Dramjob?
Häerzstëllstand an dann? Am Studio sinn den Dr Jean Uhrig an de Carlo Clarens vun der LRC an de Carlo Schwartz, dee schonn zweemol gerett konnt ginn.
De Sven Soares ass Dänzer, Model a Fotograf. De Mëttelstréckeleefer Bob Bertemes freet sech op déi nei Halesaison.
Haut am Live! Kino hu sech d'Danièle, den Joy an de Loïc dës Filmer ugekuckt: "Arrival", "Paterson" a "Baccalaureat".