Wäit ewech vun doheem: Mam Michel Volk zu Bora Bora

03.01.2017 / 00:08:30

Virun 2 Joer hu mer e schonn eng Kéier besicht : de Michel Volk, deen duerch seng Carrière an der Hotelsindustrie duerch d’Ganz Welt kënnt.

Seng Hotelsschoul huet en deemools zu Dikrech an zu Lausanne gemaach, haut ass en CEO vun engem vun deene prestigiéiseste Four Seasons Hoteler, dem Anahita op der Maurizius Insel. Mir hunn hien a seng Famill zu Bora getraff, kuerz ier e säi Posten zu Maurizius ugetrueden ass.