Wäit ewech vun doheem: mam Salvatore a Saverio op Las Vegas

05.01.2017 / 00:10:00

Haut begleede mer de Saverio an den Salvatore op eng ganz speziell Rees an Amerika.

Déi zwee Metzlere aus engem grousse Lëtzebuerger Supermarché hunn nämlech ee Joer laang gespuert fir op Las Vegas ze fléien. Hei waren se op déi glamouréis Hochzäit vun der Koppel Stefan a Raquel vun Féitz invitéiert. Eng Hochzäit mat 35 Gäscht aus Lëtzebuerg , ganz am Las-Vegas Stil mat Limousin, Chauffer, Kapell an eben natierlech de passende Kader. Den Yves Trevalec huet déi zwee op Las Vegas begleet.