Wäit ewech vun doheem: Mam Sarah Cattani zu Assam

06.01.2017 / 00:08:56

D'Sarah Cattani ass nees op der Rees.No engem Stopp vun e puer Méint zu Lëtzebuerg am Summer ass d’Journalistin elo nees an Indien méi genee am Assam.

Un sech war Südamerika ugesot ma d'Journalistin léisst hier Pläng meeschtens oppen an ass elo fir en Volontariat am Assam gelant ganz am Nordosten vun Indien un der Grenz mam Bhutan, Bangladesch Myanmar an China. Hei huet d’Sarah net nëmmen Chrëschtdag an Silvester gefeiert, mee och eng ganz nei Kultur kennegeléiert.  Op www.sarahcattani.com gëtt een méi gewuer iwwer d Reesen vun der RTL Journalistin an do fënnt een och en Link fir d'LMT School och vun hei z'ënnerstëtzen oder Infos fir en Volontariat.