Mastercook

Mastercook: wat hätt d’Anne gekacht?Bouneschlupp a Panescher

Bouneschlupp mat Kniddelcher

Fir 4 Persounen • Virbereedung 50 Min. • Einfach

Fir d’Kniddelcher mat wäissem Kéis:
100 g wäisse Kéis
30 g mëlle Botter
2 Eegiel
50 g Panéiermiel
2 EL Parmesan
1⁄2 EL Miel
2 EL reng geschniddene frësche Péiterséileg
Muskat
Salz a Peffer

Fir d’Zopp:
1 Zwiwwel
30 g Botter
100 g Speckwierfelen
1 Bouillonscube
1 Lorbeerblat
1⁄4 TL Bounekraitchen (Sarriette)
400 g gréng Bounen
1 grouss Gromper
3 EL reng geschniddene frësche Péiterséileg
Salz a Peffer

Fir d’éischt gëtt den Deeg fir d’Ködel virbereet. De Botter an d’Eegiel mat enger Fourchette zu enger Crème réieren. D’Panéiermiel, de Parmesan, d’Miel an de Péiterséileg dobäiginn a mat Muskat, Salz a Peffer wierzen. Gutt mëschen an 30 Minutte laang kal stellen.

Fir d’Zopp ze preparéieren, d’Zwiwwel schilen a reng schneiden. De Botter an engem groussen Dëppen schmëlzen, d’Zwiwwelen an de Speck 4 broden.

De Cube mat ½ Liter waarmem Waasser opléisen an bei d’Zwiwwel-Speck Mëschung dobäiginn. D’Lorbeerblat an d’Bounekräitchen dobäiginn.

D’Bounen a mondgerecht Stécker schneiden a mat dem Bouillon vermëschen. D’Zopp opkachen, d’Temperatur erofsetzen an zougedeckt 8 Minutte laang goe loossen.

D’Grompere schielen, kleng reiwen an no 8 Minutten an d’Zopp ginn. Weider 5 Minutten zougedeckt kache loossen. D’Zopp vum Gas huelen, de Péiterséileg drastreeën, zoudecken an op d’Säit stellen.

Fir d’Preparatioun vun de Kniddelcher, den Deeg huelen an ongeféier 20 walnossgrouss Kniddelcher mat den Hänn maachen an op en Teller leeën.

D’Kniddelcher an en Dëppe mat kachendem Salzwaasser ginn, d’Temperatur reduzéieren bis d’Waasser net méi kacht. Wann d’Knödel uewe sinn, nach weider 8 Minutten zéie loossen. Mat dem Schaumläffel déi fäerdeg Knödel aus dem Waasser huelen.

D’Zopp nees eram opkache loossen an d’Bouneschlupp mat de Kniddelcher op 4 Zoppentellere verdeelen.

Klassesch Panescher


Fir 4 Panescher • Virbereedung 15 Min. • Einfach
25g Zocker
eng Pout Salz
2 Eeër
125g Miel
250ml Mëllech
30g geschmolte Botter + extra fir ze broden
Gebeess oder Hunnesch, fir ze zerwéieren

Den Zocker an d’Salz an eng grouss Schossel ginn.

D’Eeër dobäi ginn an mixen bis et ufänkt ze schaimen. 

Dann d’Miel derbäiginn a vermëschen.

No an no d’Mëllech derbäischedden, dobäi weider mëschen.

Zum Schluss de geschmolten Botter derbäiginn an zu engem glaten Deeg vermëschen.

E bëssi Botter an enger Pan schmëlzen an eng Louche Deeg an d’Pan schëdden, dobäi d’Pan sou schwenken dass de ganzen Buedem mat Deeg bedeck ass.

De Panesch ongeféier 2 Minutten broden bis en ufänkt brong um Rand ze ginn. Emdreien an nach 1 Minutt broden.

De Panesch op en Teller leen an mat Gebeess oder Hunnesch besträichen, oprullen an zerwéieren.