Mastercook

Mastercook: wat hätt d’Anne gekacht?Hämmelsfleesch a légumes oubliés

Couronne d’agneau mat Feta an Panais-Purée

Fir 4 Persounen

1 Couronne d’agneau mat 8 Stecker
1 Kaffisläffel Thymian
1 Iessläffel Olivenueleg
Schuel vun ½ Zitroun, geriwwen
2 Knuewelekszéiwen, gepresst

Fir d’Croute:
25g Panéiermiel
Schuel vun ½ Zitroun, geriwwen
1 Iessläffel Peiterseilech
60g Feta

Fir de Panais-Purée:
800g Panais
2 Braeburn Äppel
50g Botter
25ml Mëllech
Muskotnoss
Salz a Päffer

Als éischt den Agneau marinéieren. Den Thymian, Olivenueleg, Zitrouneschuel an Knuewelek an enger klenger Schossel vermëschen an d’Couronne d’agneau domat areiwen. An eng Ceramiks Schossel leen, mat Frischhaltefolie zoudecken an mindestens 30 Minutten marinéieren (bis zu 24 Stonnen) – an de Frigo stellen wann een d’Fleesch méi laang wei 1 Stonn marinéiert.

Den Agneau 1 Stonn virum kachen aus dem Frigo huelen. Den Schäffchen op 200°C virhetzen. D’Fleesch mat Salz a Peffer würzen an op der fetteger Säit an enger Pan kuerz ubroden. Dann op der Fleeschsäit ubroden.

Fir d’Croute, d’Panéiermiel, Zitrouneschuel, Peiterseilech an zerbréckelten Feta an eng Schossel ginn an vermëschen. Op déi fetteg Säit vum Carré d’agneau undrécken an 30-35 am Schäffchen baken. Dono aus dem Schäffchen huelen an 10 Minutten raschten loossen éier een d’Fleesch opschneit.

Während d’Fleesch am Schäffchen ass, den Purée preparéieren. D’Panaisen schielen an an 3cm Stecker schneiden. D’Äppel schielen, entkären an an 3cm Stecker schneiden.

D’Panaisen an d’Äppel an engem Dëppen mat kachendem salzegen Waasser fir 10 Minutten kachen, bis se mell sinn. Ofschëdden an an eng Kichemaschinn ginn, zesummen mam Botter, Muskot an Salz a Peffer. Dat Ganzt zu engem glaten Purée mixen an eventuell nowürzen.

Den Agneau mam Purée zerwéieren.