Mastercook

Mastercook: wat hätt d’Anne gekacht?Pasta mat Spinat an Gorgonzola

Dat hei ass e super stand-by Dinner, well et super séier geet an net vill Ingrédiente braucht.

Preparatioun: 20 Minutten – Fir 2 Portiounen – Einfach

15g Piniekären
200g frësch Spinatblieder
2 Schallotten
2 kleng Knuewelekszéiwen
20g Botter
100ml wäisse Wäin
120g Gorgonzola
140ml Ram
250g Spaghetti
Muskat
Salz a Peffer

D’Piniekären an enger Pan réischteren bis se ufänken brong ze ginn. An eng Schësselchen fëllen.

D’Spinatblieder wäschen an, wann se grouß sinn, grob hacken. D’Schallotten schielen an kleng hacken. D’Knuewelekszéiwen schielen an mat enger Knuewelekspress zerdrécken.

De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Schallotten fir e puer Minutten dran ubroden bis se mell sinn. De Knuewelek derbäi ginn an eng weider Minutt ubroden.

Mam wäisse Wäin ofläschen, dann de Gorgonzola derbäi ginn an réieren bis de Kéis geschmolt ass.

Während där Zäit kachend Waasser an engem Dëppen opsetzen an salzen. D’Spaghetti derbäiginn an no Gebrauchsuweisung kachen bis se al dente sinn.

Wann de Kéis bis geschmolt ass, d’Ram derbäi ginn an kuerz zum kachen bréngen. De Spinat derbäiginn an réieren bis den Spinat zerfal ass. D’Zooss mat Muskat, Salz an Peffer wierzen.

Wann d’Spaghetti bis al dente sinn, ofschëdden an bei d’Zooss an d‘Pan ginn. Gutt vermëschen an op zwee Teller verdeelen an mat Pinienkären bestreeën.

Anne Faber