Mastercook

Mastercook: wat hätt d’Anne gekacht?Halloumi Burger mat Guacamole

Halloumi ass e Griicheschen/Zyprioteschen Kéis deen net schmëlzt wann en waarm gëtt. Dowéinst ass en perfekt fir ze grillen.

Ech kombinéieren dësen salzegen Kéis fir mäin Burger mat enger fruchteger Guacamole – et ass e bëssi onkonventionell ma schmaacht wierklech gutt!

Preparatioun: 30 Minutten – Fir 4 Burger – Schnell an Einfach
Fir d’Guacamole:
1 klenge Granatapel
1 räifen Avocado
1 Fréijoerszwiwwel
¼ roud Chilischot
Zitrounejus
Salz a Peffer

500g Halloumi
4 Vollkornbréidecher
Mayonnaise
4 Blieder Eisbergzalot
Paprika Chips, fir ze zerwéieren

Mat der Guacamole ufänken: de Granatapel a Véirel schneiden an d’Kären eraushuelen an an eng Schossel ginn. Den Avocado opschneiden, den Kär raushuelen an d’Avocadofleesch an kleng Stecker schneiden. An eng Schossel ginn an mat enger Forschette zerdrätschen.

D'Fréijoerszwiwwel kleng hacken, déi véirels Chilischot ententkäre a kleng hacken an béides bei den Avocado ginn. Meschen an mat Zitrounejus, Salz a Peffer ofschmaachen.

Den Halloumi längsweis an zwee ‘Burger’ schneiden. Eng Grillpaan erhëtzen an d’Halloumi-Burger doran op all Säit ongeféier 4 Minutten grillen.

D’Bréidercher opschneiden, an toasten. Déi ënnescht Tranche vum Bréitchen mat e bëssi Mayonnaise besträichen. En Blat Eisbergzalot op d’Mayonnaise ginn, mat engem gegrillten Halloumi-Burger beleeën an mat Guacamole besträichen. Dann mat Granatapelkären verzieren an mam Bréitchen zoudecken.

De Burger mat e puer Paprika Chips zerwéieren.

Anne Faber