Mastercook

Mastercook: wat hätt d’Anne gekacht?Lënsen a Buchweizen mat Balsamico Ennen

Et géif een wierklech net mengen dass dësen Plat vegan ass!

Chipotle Chillis ginn deem Ganzen eng gereechert Dimensioun an den Tahini, eng orientalesch Sesampaste, mécht et richteg schéin cremeg. En super Plat fir kal Wanterdeeg!

Preparatioun: 55 Minutten - Fir 4 Persounen - Vegan

Fir d’Lënsen:
240g gréng Puy Lënsen
120g Buchweizenkären*
2 gedréchent Chipotle Chilli (oder 2 Téiläffel gereecherten Paprikapolver)**
2 Iessläffel Olivenueleg
4 Knuewelekszéiwen
2 Téiläffel Kräizkümmelkären
1 Téiläffel Kräizkummelpolver
300g Tomaten aus der Bécks
2 Iessläffelen Tahini (Sesampaste)
Salz
Frëschen Koriander a Peiterseilech
1 Zitroun

Fir d’Ennen:
2 roud Ennen
2 Iessläffel Olivenueleg
2 Téiläffel Zocker
2 Iessläffel Balsamico-Esseg

D’Lënsen fir 20 Minutten an gesalztem Waasser kachen.

Während där Zäit d’gedréchent Chipotle Chillies an eng kleng Schësselchen leen an mat kachendem Waasser iwwergéissen. 10 Minutten zeien loossen, No 10 Minutten aus dem Waasser huelen (d’Waasser halen), de Still ofschneiden an klenghacken. Op d’Säit stellen.

No 20 Minutten d’Buchweizenkären bei d’Lënsen ginn an eng weider 10 Minutten kachen bis d’Lënsen an de Buchweizen al dente sinn.

Während där Zäit d’Ennen schielen, an zwee schneiden an an Scheiwen schneiden. Den Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Ennen während 5 Minutten ubroden bis se mell sinn. Den Zocker an de Balsamico-Esseg derbäiginn an eng weider 2 Minutten kachen.

Wann d’Lënsen an d’Buchweizenkären bis al dente sinn, ofschëdden an op d’Säit stellen. Den Olivenueleg am Dëppen erhëtzen. D’Knuewelekszéiwen schielen, klenghacken an zesummen mam Kräizkümmel an den gehackten Chipotles (oder dem gereecherten Paprikapolver) am Olivenueleg fir 1 Minutt ubroden.

D’Lënsen, d’Buchweizenkären, d’Tomaten aus der Bécks, den Tahini an 8 Iessläffel vum Chipotle Waasser (oder einfacht Waasser) derbäiginn, an opkachen bis alles gutt duerchgewiemt ass.

Mat Salz ofschmaachen an op Telleren verdeelen. All Portioun mat Koriander a Peiterseilech bestreen, mat Zitrounejus ofschmaachen an mat Balsamico-Ennen zerwéieren.

*et kann een och einfach nëmmen Lënsen fir dësen Plat benotzen

** Chipotle Chillies sinn gereechert Jalapeno Chilischoten aus Mexico. Dir kennt des online bestellen, oder amplaz gereecherten Paprikapolver benotzen. Op des Aart a Weis kennt dir engem veganen Plat eng gereechert Dimensioun ganz ouni Fleesch ginn.

Anne Faber