Mäi klenge Restaurant doheem

13.01.2017 / 00:15:32

Wa Famill a Frënn iesse kommen, stellt een sech gären an d ‘Kichen fir seng Gäscht kulinaresch ze verwinnen.

Wann awer elo op eemol 10 friem Leit am Living setzen a jiddereen stellt aner Uspréch, dat gëtt d'Saach scho méi komplizéiert. Zemools wann dann och nach den Service, de Kader an de Menü mat Punkten vun 0 bis 10 bewäert gëtt. 3 Kandidaten trieden géintenaner un an um Enn ka leider just ee gewannen. Op et d'Kandidatin vun haut ass?