Mmmh! De kulinaresche MagazinKachen am Foyer Syrdall an de Restaurant Bella Puglia

Am Mmmh!“ kachen zwou Star-Kächinen mat de Senioren aus dem Foyer Syrdall a mir ginn an de Süde vun Italien, an Apulien oder Puglia wéi d’Italiener soen.

Mmmh! Restaurant "Bella Puglia"

Mir huelen iech mat an de Süde vun Italien, an Apulien oder Puglia wéi d’Italiener soen. Am Rollengergronn huet viru ganz kuerzem e Restaurant seng Dieren opgemaach, dee ganz vill Spezialitéiten aus där Regioun opdëscht. Den Numm vum Haus ass dann och einfach : Bella Puglia. D’Sandie Lahure wor laanscht testen.

Mmmh! Kachen am Foyer Syrdall

De Geroch vu gedënsten Zwiwwelen, dem Brot am Schäffchen - ei do leeft engem schonn d'Waasser am Mond zesummen. Kachen ass fir vill Leit eng Freed. Ma et ginn der och déi dat selwer net méi maache kënnen. Déi am dagdeeglechen net méi an de Genoss vun de lackelege Kiche-Gerëch kommen.

Am Dagesfoyer fir eeler Leit zum Beispill, wou d'Iessen geliwwert gëtt.

Ëmsou méi en Highlight war et fir d'Leit aus dem Foyer Syrdall vu Sandweiler wéi d'Martine Hoffmann, Mastercook Gewënnerin 2016, hinne viru kuerzem zesumme mam Maischi Tibesart gekacht huet. Muenchereen huet och eng Hand mat ugepaakt.