Mmmh! De kulinaresche MagazinBretzel baken an den Hakii Sushi Restaurant

Am Mmmh!“ bake mir Bretzel a mir ginn an den neie Restaurant vum Chong Chen.

Mmmh! Restaurant "Hakii Sushi Restaurant"

D’Sandie Lahure presentéiert iech haut en neie Sushi Restaurant, den Hakii um Belair.

Zënter 3 Méint huet den Hakii um Belair op. Et ass dëst den zweete Restaurant vum chinesesche Patron Chong Chen, wou hien sech mat sengem Breakdance Prof Francisco zesumme gedoen huet.

Mmmh! Bretzel baken

Wéi bereet sech eng Bäckerei op Bretzelssonndeg Enn Mäerz fir an op wat kënnt et beim Goût an der Textur vun enger gudder séisser Bretzel un?

Emol am Joer spillt déi grouss séiss Bretzel hei am Land eng grouss Roll. Fir den Jean-Marie Hoffmann bedeit d'Bretzel zënter 21 Joer schonn eppes Besonnesches. Hien ass Bäcker an Pâtissier an huet 1996 bei der Weltmeeschterschaft vun der Viennoiserie zu Paräis deelgeholl. Säin Choix d'Bretzel als Lëtzebuerger Spezialitéit do ze presentéieren huet dozou bäigedroen den Titel vum Vize-Champion ze gewannen. Deemno ass hien en richtegen Bretzelspezialist.