Mmmh! De kulinaresche MagazinD'Kachboun an de Restaurant "Bei den Zwillingen"

Am Mmmh!“ gi mir an den Theater a mir ginn an ee Restaurant op Schëffleng dee vu richtegen Zwillinge gefouert gëtt.

Mmmh! Restaurant "Bei den Zwillingen"

De Restaurant am Tennis Club House zu Schëffleng zerwéiert einfach Platen déi gastronomesch op bereet sinn.

“Bei den Zwllingen” gëtt och vu richtegen Zwillingen gefouert. De Christian an d’ Nadia Thoma hu virdrun de Restaurant “Bei den Zwillingen”

Zu Eischen gefouert. Elo sinn si erëm zréck an d’ Minett wou si eigentlech hir sinn. D’ Platen zu Schëffleng si wuel méi einfach, et stinn och Bouchée

A Burger um Menü. Di gastronomesch Touche awer ass och am Tennis Club House bliwwen. Schéi presentéiert Telleren, zerwéiert an enger relaxer Atmosphär.


Mmmh! Theaterstéck D'Kachboun

Am Theaterstéck D'Kachboun dréint sech alles ronderëm d'Iessen an d'Drénken.

Di eng maachen et mat Leidenschaft an déi aner drécken sech gär virdrun. Et geet em d'Kachen.  All Land op der Welt huet seng eegen Kachtraditiounen. Och mir Lëtzebuerger hunn eis eegen Iesskultur an sinn virun allem ëmmer do wou et eppes ze iessen an ze drénken gëtt. Genau ëm dës Thematik dréint sech elo en ganzt Theaterstéck. An der Produktioun vun Independent Little Lies geet et drëms wéi d'Iessen an d'Drénken hautdesdaags eisen Alldag beaflosst.