Mmmh! De kulinaresche MagazinFaire Schokela an en Träipeburger vum Grill

Am „Mmmh!“ teste mir virun Niklosdag de Fair Trade Schokela, huelen Iech mat an de vegane Restaurant Beet an de Ben Péporté verschafft Träipen als Burger.

Fair Trade Schokela fir Niklosdag

Fair Trade Schokela fir Niklosdag (27.11.2015)
Mir hunn de faire Schokela eng Woch virun Niklosdag getest. Ass et eng gutt Alternativ a, wa jo, firwat?

Ëmmer méi Leit gräifen op Fair Trade Produkter zeréck. Nieft de Bananen boomt awer virun allem och de Schokela. Mir hunn de faire Schokela eng Woch virun Niklosdag getest. Ass et eng gutt Alternativ a, wa jo, firwat?

D'Sandie Lahure war an den Restaurant Beet op de Knuedler.

D'Sandie Lahure war an den Restaurant Beet op de Knuedler. (27.11.2015)
Vegetaresch Restauranten wuessen an der Lescht wéi Champignonen aus dem Buedem. An, si begeeschteren net nëmme Leit déi ganz op Fleesch wëlle verzichten.


Vegetaresch Restauranten wuessen an der Lescht wéi Champignonen aus dem Buedem. An, si begeeschteren net nëmme Leit déi ganz op Fleesch wëlle verzichten.

Och Geleeënheets Vegetarier loosse sech vun deem neien Trend iwwerzeegen, sou wéi d’Sandie Lahure, wat an de Restaurant Beet um Knuedler probéiere war.

 

Wantergrillen mam Ben Péporté

Mmmh! Wantergrillen: Träipeburger (27.11.2015)
Op sengem Wantergrill weist de Ben Péporté haut e Rezept wat jidder Burger Fan mat Sécherheet schmaacht: en Träipebuerger mat roudem Kabes a séissen Äppel!

Träipe muss ee gär hunn, sot Dir? De Ben Péporté weist haut e Rezept wat jidder Burger Fan mat Sécherheet schmaacht.

All Woch ginn et vun him originell Iddien fir och an de kale Méint de Barbecue un ze geheien. Säin Träipeburger passt genee an dës Zäit, mat Kabes a séissen Äppel dran!

An am beschte schmaacht en natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Träipeburger

(vum Ben Péporté)

Fir 4 Leit

Ingredienten:

  • 2 Träipen
  • 250g dënn Tranche Speck
  • 150g roude Kabes
  • 20 cl roude Wäin
  • 1 Lorberblat
  • 1 Ënn
  • 40g Botter
  • 2 Boskop Äppel
  • Zocker
  • Salz
  • Peffer

De roude Kabes a Sträife schneiden. D’Ënn kleng schneiden a mat 20g Botter an engem Dëppen undënsten. De roude Kabes dobäi ginn a mat Salz a Peffer wierzen. E Lorberblat an en Iessläffel Zocker dobäi ginn (eventuell e Schotz Esseg fir d’Faarf ze halen). Mam roude Wäin an e bësse Waasser ofläschen an eng gutt Stonn kache bis de Kabes mëll ass.

D’Äppel schielen an a kleng Stécker schneiden. Mam Botter a mat 20g Zocker an enger Pan carameliséieren.

De Speck flechten bis e grousse Véiereck entsteet. De Speck op Aluminium Pabeier leeën.

D’Haut vun den Träipen erofhuelen an d’Mass gutt duerch drécken. D’Träipemass um Speck verdeelen bis ënnen nach 1 Zentimeter fräi bleift.

An der Mëtt eng breet Sträif roude Kabes drop ginn an dann eng méi dënn Sträif carameliséiert Äppel an d’Mëtt vum Kabes verdeelen.

Dat Ganzt mat Hëllef vum Aluminium zesumme rullen, op de Säite gutt eran drécken fir dass während dem Grillen näischt eraus leeft.

Fir d’éischt indirekt Grillen bis dass d’Rull eng gewëssen Temperatur kritt a fest gëtt. Zu gudder Läscht op grousser Hëtzt um Feier op alle Säiten ubroden bis de Speck eng schéi Faarf kritt.

An 2 Zentimeter déck Rondele schneiden an déi op e Burger Bréitche leeën.

Mat Lëtzebuerger Moschtert (Alternativ Jack Daniel’s Moschtert) a gedréchenten oder gereecherten Ënne garnéieren.

Gudden Appetit!