Mmmh! De kulinaresche MagazinFingerfood vum Anne an Hax vum Ben

Am „Mmmh!“ preparéiert d'Anne a senger Xmas Kiche Fingerfood an de Ben Péporté grillt Schwéngshax.

Spezial Feierdeeg

Mmmh! Fingerfood vum Anne (18.12.2015)
3 Rezepter einfach gemaach: d'Anne preparéiert a senger neier Kichen Fingerfood fir d'Feierdeeg.

Wat servéieren ech mengen Gäscht als Aperitif? Zemools ronderëm d’Feierdeeg wann een Famill an Frënn bei sech Heem invitéiert kënnt déi Fro op. D’Anne Faber weist eis mat wat fir wonnerbare Rezepter ee senge Gäscht kann imponéieren. 

Iddië fir de Grill mam Ben Péporté

Mmmh! Wantergrillen: Schwéngshax (18.12.2015)
Wat passt besser op e Wantergrill wéi eng Schwéngshax? Wahrscheinlech dem Ben Péporté seng Versioun mat Brockelcher a Speck!

Wat passt besser op e Wantergrill wéi eng Schwéngshax? Wahrscheinlech dem Ben Péporté seng Versioun!

All Woch ginn et vun him originell Iddien fir och an de kale Méint de Barbecue un ze geheien. Haut mécht hien eng Schwéngshax gefëllt mat Brokkelcher!

An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Schwéngshax

(vum Ben Péporté)

Ingredienten:

  • 4 Schwéngshaxen
  • 4 Liter Salzwaasser
  • 320g Brockelcher
  • 200g gereecherte Speck a Gréiwen
  • Botter
  • Salz
  • Peffer

D’Schank aus den Haxen eraus schneiden. 24 Stonnen an d’Salzwaasser leeën.

D’Brockelcher a liicht gesalztem Waasser kachen. D’Brockelcher ofdrëpse loossen an duerno kräfteg an enger Pan mat e bësse Botter ubroden. Duerno d’Brockelcher zerdrécken a mat de Gréiwen a Peffer vermëschen.

D’Haxe mat der Brockelcher Mëschung fëllen an duerno mat Ficelle zoustrécken.

D’Haxe fir d’éischt op der Säit vum Grill duerchkachen. Um Enn vun der Cuisson an d’Mëtt vum Grill leeën fir dass se schéi krupseg ginn.

Gudden Appetit!