Mmmh! De kulinaresche MagazinAquaponie & de Wäissen Haff zu Sandweiler

Am „Mmmh!“ ware mir eng alternativ Methode fir de Geméisubau kucken an huelen Iech mat an de Restaurant Wäissen Haff.

Mmmh! Aquaponie (08.07.2016)
Dëst Joer hunn d’Geméisgäertner et net einfach. De villen Reen erschwéiert d'Rekolt.

Dëst Joer hunn d’Geméisgäertner et net einfach. De villen Reen erschwéiert d'Rekolt. Do ass et vu Virdeel wann een op alternativ Ubaumethoden kann zeréckgräifen. Ewéi d’Aquaponie. D’Kombinatioun vun Aquakultur, d.h. Fëschzucht, an Hydroponie, Geméisubau mat Hëllef vun engem Waassersubstrat. Eng geléiert Geméisgäertnerin an hire Mann hu sech dëst Joer an dësen neien Projet lancéiert.


Mmmh! Wäissen Haff vu Sandweiler (08.07.2016)
De Wäissen Haff zu Sandweiler huet eng nei Kichen.

De Wäissen Haff zu Sandweiler huet eng nei Kichen. De Christophe Petra, de fréiere Chef aus dem Restaurant Le Sud, huet elo hei d'Soen. Provenzialesch Kichen vum Feinsten, einfach an éierlech, awer mat Rafinesse zesumme gesat.

An de Restaurant ass ronderëm d'Auer op, 365 Deeg am Joer, Mëttes an Owes.