Mmmh! Summerterrassen 5/2016Heringer Millen

Franséisch a Lëtzebuergesch Kichen "du terroir" an enger flotter Ambiance, sou gesinn an der Heringer Millen am Mëllerdall.

Mmmh! Heringer Millen (18.08.2016)
Eng gastronomesch Kichen, servéiert an engem gemittleche Kader wou een och an einfacher Kleedung wellkomm ass.

Ween e rouege Moment an der Natur sicht an dobäi gemittlech eppes Guddes iesse well, deen ass genee richteg op der Heringer Millen.

Zënter zwee Joer sinn hei d’Managerin Marie-Louise Engeldinger an de Kach Lars Fiebig um Rudder, eng Koppel déi sech virun 10 Joer um Institut Paul Bocuse zu Lyon kenne geléiert huet an zënterhier zesummen an de Restauranten an der ganzer Welt ënnerwee wor – vu Shanghai iwwer Neikaledonien an d’Karibik bis op New York. An di wäertvoll Erfahrungen, déi si do an der Gastronomie gemaach hunn, kommen elo op der Heringer Millen zum Droen.

D’Brasserie am Mëllerdall bitt eng bistronom Kichen un, héichwäerteg, awer an einfachem Ëmfeld an och net ze deier. A wa méiglech mat regionale Produkter. Bei dem hausgemaachte Foie Gras kritt een dann och zB e Crumble mat Äerdbieren vun Hënsdref ugebueden. D’Produkter aus dem Mëllerdall an Ëmgéigend, déi ginn awer och mat ongewinnten zum Deel exotesche Goûten kombinéiert. Sou ginn d’Äerdbieren vu Lëtzebuerg mat Kalamondin aus Japan zu engem onvergläichbare Genoss zesumme bruecht.

D’Heringer Millen ass eng Plaz, wou een net nëmme ganz gutt ësst, mä sech och einfach wuel spiert. Wou och d’Kanner wonnerbar ronderëm spille kennen. Bei Familljefeieren do ginn déi Kleng souguer integral betreit – mat Inte fëschen am Waasser zum Beispill oder Brout baken an der Millen.

 

Heringer Millen
1, rue des Moulins
L-6245 Mullerthal

Tel.: +352 26 78 47 17
www.heringermillen.lu/