Mmmh! De kulinaresche MagazinChampignonen a Portugal zu Bieles

Am „Mmmh!“ preparéiert den Nicalas Szele Champignonen a mir entdecken de Chiado zu Bieles



Elo während der Zäit vun der Rentrée ass d'Saison vu verschiddene Champignonen. An dofir huelen mer Iech mat an d'Kiche vum Restaurant Le Fin Gourmand bei de Kach Nicolas Szele. Hie kritt frësch Cèpen a Girolle geliwwert a preparéiert domat zwee gutt an einfach Rezepter.

Restaurant "Le Fin Gourmand"

D’Jonge vum Patron aus dem Lisboa II an der Stad hu viru 5 Méint eng nei portugisesch Adress am Minett opgemaach. Am Chiado zu Bieles, sou heescht och e Quartier zu Lissabon, gëtt net nëmmen eng gehuewen portugisesch Iesskultur vermëttelt, hei gëtt een och an d’Atmosphär vun der portugisescher Haaptstad versat. De Chiado ass een Hotel-Restaurant mat Stil, wou een nieft der portugisescher Kichen och ganz vill international Platen fanne kann.

Restaurant "Chiado"