Mmmh! De kulinaresche MagazinLëtzebuerger Ham an OA6

Am „Mmmh!“ weise mir wéi d'Ham vun der Marque Nationale gemaach gëtt an dem Ben Péporté säin neie Restaurant.

Mmmh!Lëtzebuerger Ham (03.11.2016)
Zu Käerjeng bei Salaisons Meyer gëtt Ham fir d'Marque Nationale produzéiert.

All Joer produzéiert d’Salaisons Meyer ëm déi 60.000 Hamen. De gréissten Deel dovu sinn Marque nationale Hamen, e Label deen dem Konsument garantéiert dass d ‘Schwéngefleesch vu Lëtzebuerg kënnt an dass zousätzlech strikt Standarden agehale ginn. Mir waren en Dag zu Käerjeng an de Produktiounshalen dobäi an krute vum Luc Meyer, dee schonn an der 4. Generatioun dës Hamen hierstellt, déi verschidden Etappen vum Verschaffe vun der Ham bis an d’Verpakung genau erkläert.


Mmmh! Am Oa6 (03.11.2016)
Am Wellnesszenter Oa6 zu Feelen huet de Ben Péporté viru kuerzem säin neie Restaurant lancéiert.

De Ben Péporté, dat ass de Mann fir d’Grillen bei RTL. Eng Woch virun dem Start vun der neier Serie Wantergrillen, weise mir déi aner professionell Facette vum Ben. Zënter iwwert engem Joer scho preparéiert hien an der Buvette vun de Rotonden vill Vegetaresches an neierdéngs ass hie mat senge Kollegen Claude a Sonja an engem Wellnesszenter zu Fellen, dem OA6,  fir d’Kichen zoustänneg. D’Sandie Lahure huet hien do besicht.

Restaurant "Am Oa6"