Mmmh! De kulinaresche MagazinPeruanesch Fusion Kichen a Wantergrillen

Am „Mmmh!“ gëtt pünktlech fir de Wanter de Grill eraus geholl an et gëtt peruanesch gekacht

Mmmh!: Mad about Peru (11.11.2016)
Deen neie peruanesche Restaurant "Mad about Peru" zu Diddeleng bitt eng modern Fusion Kichen un.

Am Mmmh! maache mer en Ofstiecher an de Peru. Mat südamerikaneschem Folklore huet dat näischt ze dinn. Mir sinn an deem neie Restaurant "Mad about Peru" zu Diddeleng, wou se a ganz modernem Kader di nei peruanesch Fusion Kichen servéieren.
Mad about Peru


Mmmh! Wantergrillen: Feuilletéë mat Ham (11.11.2016)
Passe kleng Amuse-bouche mat Ham op e Wantergrill ? Alles geet, de Ben Péporté weist wéi!

An duerno heescht et, endlech ass nees Wanter, mir kënnen de Grill eraushuelen... Mir starten haut nees eis Serie Wantergrillen mat eisem Grillmeeschter Ben Péporté, alles mat Lëtzebuerger Schwéngefleesch. Haut ginn et Amuse-bouche mat Ham am Bliederdeeg, jo, och dat kann een um Grill maachen.
Link: Rezept vum Ben Péporté