Mmmh! De kulinaresche MagazinRestaurant um Tennis a Schwéngsbaken

Am „Mmmh!“ ware mir déi nei Brasserie "Chez Vincent" op d'Schéiss testen an de Ben Péporté mécht Schwéngsbaken.

Mmmh! Brasserie des Arquebusiers (09.12.2016)
An der Brasserie "Chez Vincent" op der Schéiss get déi gutt al Lëtzebuerger Kichen an Zeen gesat.

Op der Schéiss, also um Tennis um Belair, gëtt et zënter dësem Joer en neie Gérant am Restaurant, dofir och den Numm « Brasserie des Arquebusiers, Chez Vincent ». An de staarke Mann hannert dem Vincent, dat ass e fréiere Stärekach. Keen anere wéi den Toni Tintinger. Hei gëtt di gutt al lëtzebuerger Kichen nei an Zeen gesat.
Link: Brasserie des Arquebusiers, Chez Vincent


Mmmh! Wantergrillen: Schwéngsbaken (09.12.2016)
Schwéngsbaken an engem "dutch oven", enger Zort gossen Dëppen, e speziellt, mä einfacht Rezept vum Ben Péporté.

An duerno heescht et, endlech ass nees Wanter, mir kënnen de Grill eraushuelen... Haut mécht de Ben Péporté Schwéngsbaken an engem "hollänneschen Uewen".
Link: Rezepter Ben Péporté