Mmmh! De kulinaresche MagazinVegane Chrëschtmenü

Am „Mmmh!“ hu mir eis gefrot wat e Veganer op Chrëschtdag géing kachen?

Mmmh! veganen Chrëschtmenü (16.12.2016)
Vill Leit preparéieren fir Chrëschtdag en opwännegen Menü an hirer Kichen. Mir hunn eis gefrot wat en Veganer dann op Chrëschtdag géing kachen?

Vegan Kachen schéngt fir vill Leit déi sech net op dës Aart a Weis ernähren komplizéiert an langweileg. Mee dass dat net ëmmer esou ass gesinn mer elo geschwënn. D’Rita Kox huet sech iwwert déi läscht Joren als vegan Hobbykächin bewäert an weist eis ewéi een einfach gutt vegan kann kachen. Wann dir nach net wësst wat bei iech elo fir d’Feierdeeg soll opgedëscht ginn dann fannt der hei wahrscheinlech eng gutt Inspiratioun.

Entrée: Carpaccio vu rouder Rommel

Vinaigrette op den Teller
Gekachte roude Rommele an Tranche  schneiden
Schalotten a Cuben
Greng oder schwarz gekachte Lënsen (25-30 Minute kachen)
Nëss
Roquette

Quinoa Schnitzel

Plat fir +/- 6

130 g Quinoa kachen

----

170g +/- Séissgromper kachen
4 Téil. Wëllkarmiel
2 Iessl. Tomatepurée
1 Essl. Mandelpurée
1 Essl. Tahin
1 Téil. Curcuma
E bësse Jus vun enger Zitroun a gerappten Zitrouneschuel
Salz a Peffer
Dat alles puréieren bis et reng ass

------

Quinoa, de Purée an e puer gehackte Nëss zesummen zu engem Dég réieren

Doraus mat naassen Fangeren kleng Schnitzelen formen, am Sesam panéieren an 25 Min. am Schäffchen bei 180° baken.

Gromperen:

+/- 100 g. Gromperen op de Kapp kachen
Mat der Fourchette duerchdrecken
Zitrounenueleg, Olivenueleg, e bësse vegane Botter, Salz, Muskot, evt. Huewerrahm a vill Péieterséileg drënner mëschen

Champignonszooss:

Schalotten, Knuewek undëmpen,
D’Champignon’en derbäi gin an ubroden.
Mat veganem Wäin ofläschen, vegan Sauerrahm an Huewerrahm drënner réieren

Dessert: Äppelcrumble

+/- 6 Leit

Boskopäppel a Cube schneiden a mat e bësse Wäin a feierfest Schosselen tässelen

170 g Vollkarspelzmiel
85 g Zocker
90 g vegane Botter
1 Tl. Backpulver
2 Tl. Äppelkompott
Dat alles zu Streisel verschaffen an iwer d’Äppel stréen: 25 Min. Schäffchen bei 180°

Sojarahm mat Vanillezocker opklappen an derbäi zervéieren