Mmmh! De kulinaresche MagazinSchneekegkeeten a Cooking Cup

Am „Mmmh!“ bake mir mat enger Foodbloggerin a kucken zeréck op de Cooking Cup 2016

Mmmh! Muffin & Milkshake (23.12.2016)
Haut am leschten kulinareschen Magazin vun dësem Joer gëtt et séiss. Ganz séiss! Esou wéi dat dacks mat den Schneekegkeeten ëm d’Feierdeeg ass.

D’Alissia ass Foodbloggerin a weist eis wéi ee ganz einfach e Molbier-Muffin an e gudde waarme schéin dekoréierte Schockela-Banane-Milkshake doheem zaubere kann.


Mmmh! Cooking Cup (23.12.2016)
Beim 4. Cooking Cup waren nees Equipen aus Betriber géinteneen ugetrueden, dorënner och eng vun RTL.

Mir kucken och zeréck op de 4. Cooking Cup, den Teambuilding-Happening fir Betriber. Déi Kéier hat d'Agence Angels an d' Schlass vu Siweburen invitéiert, wou eng 11 Entreprisen géinteneen ugetruede sinn, fir hir kulinaresch Kënscht ze weisen... an dobäi Teamgeescht ze beweisen. A Gruppe vun 8 Leit hu si missen an zwou Stonnen eng vegetaresch Entrée, e Burger Menu an en Dessert op den Dësch zauberen. Nei dëst Joer : di dräi Bescht hunn um Enn dierfen an enger zweeter Ronn géint de Chefkach Thomas Murer untrieden an dobäi kucken, ob si et och mat engem Profi ophuele kënnen.