Mmmh! De kulinaresche MagazinGesond an dat neit Joer an d'Hostellerie Stafelter

Am „Mmmh!“ kacht eng Dieteticienne e liicht Rezept an en neie gastronomesche Restaurant zu Walfer.

Mmmh! Hostellerie Stafelter

D’Hostellerie Stafelter – dat ass e ganz neie gastronomesche Restaurant zu Walfer. Ënnerbruecht an engem ale Bauerenhaff, dee vu Grond op renovéiert gouf an elo den Ideale Kader bitt fir e gudde Maufel ze genéissen

Mmmh! Bewosst Iessen


“Am neie Joer wäert ech mech méi gesond ernieren"! Dat ass e Virsaz deen vill Leit sech huelen. An elo gelt et dat ëmzesetzen. Dass gesond kachen séier an einfach ka sinn weist eis d' Dieteticienne Céline Genson. Mat vill faarwegem Geméis preparéiert si en flotten saisonalen Plat an erkläert eis wouropper et bei bewosster Ernährung ukënnt.

Timbale aus Quinoa, Kalbass, roude Kabes, Avocado an Sprossen

(6 Portiounen)

Ingredienten:

560 g Kalbass (Butternut/Hokkaido), an Wierfel geschnidden
4 TL Kokosnossueleg oder Olivenueleg
1 EL Romarin, kleng gehackt
Héichwäertegt Miersalz
Schwaarzen Peffer
440 g Quinoa, gutt gespullt
1 l Geméisbouillon
3 EL Limettejus
5 EL frëschen Péiterséileg, gehackt
2 TL frëschen Basilikum, gehackt
50 g rouden Kabes, kleng gehackt
2 grouss oder 4 kleng Avocado, an Wierfel geschnidden
Eng handvoll Sprossen als Topping

Den Uewen op 190 Grad virhëtzen.

D’Kalbasswierfelen um Bakpabeier op engem Bakblech verdeelen. Gehackten Romarin, Peffer, Salz an Ueleg iwwert d’Kalbasswierfelen verdeelen an alles vermëschen. 20 Minutten am Uewen baken, d’Kalbasswierfelen emol duerchmëschen an nach emol ca. 20 Minutten baken bis den Kalbass mëll ass.

Den Quinoa am Geméisbouillon kachen bis d’Kären mëll sinn. Den fäerdeg gekachten Quinoa an enger Schossel mam gehackten rouden Kabes, Basilikum, Péiterséileg an Limettejus vermëschen. Jee no Goût nach mat Salz an Peffer ofschmaachen.

Op engem Teller mat Hëllef vun enger ronner Form (Emporte-pièce) en Tiermchen formen: Ugefaangen mat 1/3 Quinomëschung als ënnescht Schicht, 1/3 Kalbasswierfelen an zum Schluss 1/3 Avocadostécker.