Mmmh! De kulinaresche MagazinKachen wéi fréier

Am Mmmh!“ weist eis d'Berthe Elsen zwee Platen aus hirem Kachbuch "Kachen wéi fréier".

Mmmh! Kachen wéi fréier


D’Berthe Elsen preparéiert zwee Platen aus hirem Kachbuch "Kachen wéi fréier" wou 105 einfach an gutt Bauerenrezepter dra stinn.

Um Haff vun der Famill Elsen gëtt Mëllech fir d'Cooperative Fair Mëllech produzéiert. D’Berthe Elsen huet jorelaang um Haff matgeschafft an awer och ëmmer gären gekacht. Hiert gesammelt Wëssen iwwert traditionell Bauerenrezepter huet si d’läscht Joer am Kachbuch “Kachen ewéi Freier” gesammelt.