Mmmh! WanterkichenEpisod 1: Schwéngscarré mat de Rëppercher

Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg ass de Ben Péporté op Besuch beim Jacques Schoumacker am Centser Roud Haus.

Mmmh! Wanterkichen - Episod 1 (24.11.2017)
Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg ass de Ben Péporté haut op Besuch beim Jacques Schoumacker am Centser Roud Haus.

Den Jacques Schoumacker weist dem Ben en flott Rezept mat Schwéngscarré an Rëppercher.

De Jacques Schoumacker weist dem Ben en flott Rezept mat Schwéngscarré a Rëppercher.

An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Schwéngscarré mat de Rëppercher vun der Marque Nationale

(vum Jacques Schoumacker)

Ingredienten

1,3 kg Schwéngscarré mat den Rëppercher

Fir d’Farce:
100 g gedréchent Figen
100 g gedréchent Prommen
50 g Pistachen
50 g Nëss
2 Zoppeläffelen Panéiermiel

Fir d’Marinade vun den Rëppercher:
2 Zoppenläffelen Zocker
100 ml Sojazooss
1 Téiläffel Ingwer
1 Zoppenläffel Hunneg

Fir d‘Zooss :
100ml Porto
100ml Madère
250ml brongen Fong

Rezept

Fir d’Marinade: Den Zocker an enger Kasserolle karamelliséieren. Den Ingwer kleng wierfelen a bei den Zocker ginn. Dat Ganzt mat Sojaszooss ofläschen an zum Schluss en Zoppeläffel Hunneg dobäi.

D’Rëppercher vum Carré erofschneiden an marinéieren. Déi marinéiert Rëppercher komme bei 180°C während 20-30 Minutten an de Schäffchen.

Fir d’Farce: Gedréchent Figen, gedréchent Prommen, Nëss a Pistasche kleng hacken an mat dem Panéiermiel mëschen.

Duerch d’Mëtt vum Carré e Lach schneiden an mat der Farce fëllen. De gefëllte Carré  op allen Säiten ubroden an duerno während 20-30 Minutte bei 180°C am Schäffche weider broden.

Fir d’Zooss: De Porto, de Madère an de bronge Fong an eng Kasserolle ginn a reduzéiere loossen. Mat Roux décksen an ofschmaachen.

Gudden Appetit!