Mmmh! WanterkichenEpisod 2: Burger mat Schwéngsbrëschtchen

Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg ass de Ben Péporté op Besuch beim Christophe Fiegen am Restaurant A Guddesch.

Wanterkichen - Episod 2 - Burger mat Schwéngsbrëschtchen (01.12.2017)
Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg ass de Ben Péporté op Besuch beim Christophe Fiegen am Restaurant A Guddesch.

De perfekte Plat fir d'Feierdeeg mat Schwéngefleesch vun der Marque
National - dono sicht de Ben Péporté dëst Joer. Dëse Freiden weist de Kach
Christophe Fiegen him een vun sengen Lieblingsrezepter. En Burger mat
Schwéngsbrëschtchen an asiatëschen Goûten.

De perfekte Plat fir d'Feierdeeg mat Schwéngefleesch vun der Marque National - dono sicht de Ben Péporté dëst Joer. Dëse Freiden weist de Kach Christophe Fiegen him een vun sengen Lieblingsrezepter. En Burger mat Schwéngsbrëschtchen an asiatëschen Goûten.

Burger mat Schwéngsbrëschtchen vun der Marque Nationale

(vum Christophe Fiegen)


Ingredienten

1 kg Schwéngsbrëschtchen

Fir d’Marinade:
350 g Waasser
150 g Sojaszooss
150 g Sake
30 g Mirin
15 g Zocker
2 Knuewelekszéiwen
2 Fréijoersënnen
2 daumegrouss Stécker Ingwer
1 Echalote

Fir de Kimchi:
300 g wäissen Kabes
30 g Fréijoersënn
10 g Nuoc Mam Zooss oder Sojaszooss
10 g Ingwerpaste
5 g Knuewelekspaste
50 g Sweet Chili Zooss
4 g Sriracha Chili Zooss

Rezept

Fir d’Marinade vum Fleesch d‘Waasser, d‘Sojaszooss, de Sake, de Mirin an den Zocker an enger Kasseroll wiermen. Knuewelekszéiwen, Fréijoersënnen, Ingwer an Echalote kleng schneiden a mat der Marinade mëschen. Dat ganzt Stéck Schwéngsbrëschtchen an eng Tut ginn, d’Marinade driwwer schëdden an dat ganzt iwwer Nuecht am Frigo zéie loossen. D’Fleesch aus der Marinade huelen an ubroden. Duerno d’Marinade an d’Pan bei d’Fleesch ginn an alles zesummen emol opkachen. D’Fleesch mat der Marinade an eng Schossel ginn, mat Aluminiumspabeier zoudecken a während 10 Stonnen bei 110°C am Schäffche kachen.

Fir de Kimchi de wäisse Kabes ganz kleng schneiden an am Salzwaasser en puer Sekonne blanchéieren. Mat kalem Waasser ofschrecken an duerno de Kabes ausdrécken, sou dass kee Waasser méi dran ass. Fréijoersënn kleng schneiden a mat der Nuoc Mam Zooss, Ingwerpaste, Knuewelekspaste, Sweet Chili Zooss a Sriracha Chili Zooss mëschen. De Kabes während 6 Stonnen an der Zoossenmëschung marinéieren.

D’Fleesch aus der Marinade huelen an dënn Tranche schneiden. D’Marinade duerch eng Passett ginn a mat Maizena oder Miel zu enger décker Zooss bannen. De Burger mat der Marinade, dem Kimchi an dem Schwéngefleesch dresséieren.

Gudden Appetit!