Mmmh! WanterkichenEpisod 3: Cordon Bleu mat Schwéngschnitzel

Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg ass de Ben Péporté op Besuch beim Max Hoffmann vum Restaurant Bei den Zwillingen.

Wanterkichen - Episod 3: Cordon Bleu (08.12.2017)
An der drëtter Episod Wanterkichen dréint sech erëm alles ëm
d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

De Ben Péporté kritt vum Kach
Max Hoffmann gewise wéi de Cordon Bleu am Restaurant Bei den Zwillingen
zerwéiert gëtt. Schrëtt fir Schrëtt. Sou dass och dir doheem dat kënnt
einfach nokachen.

De perfekte Plat fir d'Feierdeeg mat Schwéngefleesch vun der Marque National - dono sicht de Ben Péporté dëst Joer. Dëse Freiden weist de Sous-chef Max Hoffmann him een vun sengen Lieblingsrezepter.

Cordon Bleu mat Schwéngschnitzel vun der Marque Nationale

(vum Restaurant Bei den Zwillingen – Sous-chef Max Hoffmann)


Ingredienten
(fir 4 Portiounen)

4 Schwéngsschnitzel
8 Tranche gekachten Ham
12 Tranchen Emmentaler Kéis
250 g Champignonen
2 Schallotten
100 ml wäisse Wäin
200 ml bronge Fong
100 ml Ram

Rezept

De Schnitzel mat Salz a Peffer wierzen. 2 Tranchë gekachten Ham an 3 Tranchë Kéis op de Schnitzel leeën. Fir d’éischt just d’gekachtem Ham mam Kéis zesumme rullen an duerno de Schnitzel ronderëm d’Ham an de Kéis zu enger Roulade formen. Mat 2 Zännstocher fixéieren. D’Roulade an der Pan op allen Säiten ubroden. Am gewiermte Schäffchen während 13 Minutte bei 180°C fäerdeg broden.

Fir d’Champignonszooss: Schallotten a Champignone kleng schneiden an ubroden. Fir d’éischt mat wäissem Wäin ofläschen an 10 Minutten akache loossen. Duerno de bronge Fong dobäi ginn a wieder 10 Minutten d’Zooss reduzéiere loossen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an zum Schluss d’Ram dobäi ginn.

Gudden Appetit!