Mmmh! SummerkichenEpisod 5/2018: Haut kacht de Ben a senger Kichen.

De Ben Péporté kacht Fierkelsjelli.

Episod 05/2018: Fierkelsjelli (09.07.2018)
An der fënnefter a leschter Episod vun der Summerkichen preparéiert de Ben Péporté en Fierkelsjelli. Schrëtt fir Schrëtt erkläert de Ben iech wéi een de mécht.

Mam Schwéngefleesch vun der Marque National ze kachen, dat heescht, net just déi edel Stécker ze verschaffen. Ma och méi ongewinnten Deeler, vum Kapp an de Féiss vum Schwäin, an der Kichen ze benotzen. De Ben Péporté weist eis haut wéi ee ka selwer doheem Fierkelsjelli preparéieren.

Fierkelsjelli

(Rezept vum Ben Péporté)

Ingredienten :
2 Fierkels Féiss
1 viischte Jarret
1 Schwéngsbaack mat Schwaart
1 Wuerzel
1 Enn
1 kleng Porett
Wakelter
Neelcheskäpp
Lorberblat
1 Ee
2cl Porto
1 -2 Kornischongen

En Dëppe mat Waasser opsetzen an dann déi verschidde Stecker vum Schwäin op klenger Flam kache loosse. Wuerzel, d'Enn, Porett an déi verschidde Gewierzer, am ganze Stéck, mat derbäi leen a mat kache loossen. No ongeféier 3 Stonnen, d’Fleesch a Geméis aus dem Bouillon huelen a kleng schneiden. De Bouillon erëm opsetzen a reduzéiere loossen, dann de Jelli duerch en Chinois ofschëdden.

Ennen an eng gliese Schësselchen en halleft Ee leeën dann Fleesch- a Geméisstécker drop verdeelen.

De Porto an d’Dëppe bei de Jelli schëdden, mëschen, an de liicht waarme Jelli an d‘Schësselcher schëdden a kal stellen.

No 3-4 Stonnen ass de Jelli da fest a fäerdeg fir giess ze ginn

Gudden Appetit