Mmmh! Wanterkichen

De Ben Péporté grillt gäre mat Schwéngefleesch vun der Marque Nationale. Dovunner konnte mer eis déi läscht Joren iwwerzeegen. Dëse Wanter bleift hien awer hannert de Kachplacken an der Kichen, allerdéngs net a senger eegener. Op der Sich nom perfekte Plat fir d'Feierdeeg, inspiréiert hien sech bei Kollegen. Zesumme kachen si gutt Rezepter mat Lëtzebuerger Schwéngefleesch.