Mmmh! SummerkichenEpisod 3/2018: De Ben op Besuch an der Brideler Stuff
De Ben Péporté kacht zesumme mam Kach Roland Gaul, aus dem Restaurant Brideler Stuff, Schwéngsrëppercher.
Episod 3/2018: Schwéngsrëppercher (25.06.2018)
An der drëtter Episod vun der Summerkichen kritt den Ben Péporté eng nei Variant vun den Schwéngsrëppercher gewisen.An der Brideler Stuff preparéiert hien zesummen mam sous-chef Roland Gaul eng Gewierzmëschung an Marinade voller Lëtzebuerger Goûter, mat Riesling, Moschter a Bounekraitchen.
An der drëtter Episod vun der Summerkichen kritt den Ben Péporté eng nei Variant vun den Schwéngsrëppercher gewisen. An der Brideler Stuff preparéiert hien zesummen mam sous-chef Roland Gaul eng Gewierzmëschung an Marinade voller Lëtzebuerger Goûter, mat Riesling, Moschter a Bounekraitchen.
Schwéngsrëppercher mat enger Lëtzebuerger Marinade
(Rezept vum Steve Pfeiffer, Restaurant Brideler Stuff)
Gewiirzmëschung:
4 Säiten Schwéngsrëppercher
1 Zoppeläffel Salz
1 Zoppeläffel Paprika
1 Zoppeläffel Bounekraidchen
4 Zoppeläffel Cassonade
½ Zoppeläffel Cayennepeffer
Gewierzmëschung direkt op d’Rëppercher ginn an wärend 1 Stonn am Frigo zéien loossen.
Marinade:
250 ml Riesling
3 Zoppeläffel Esseg
2 Zoppeläffel Moschtert
4 Zoppeläffel Hunneg
4 Lorberblieder
4 Knueweleckszéiwen
1 Ënn
1 Bott Péiterséileg
Am Brotschlauch 2 ½ Stonnen bei 100° an duerno 1 Stonn bei 130° goe loossen.
