WanterkichenEpisod 2/2018: Samosa

De Ben Péporté kacht eis orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

Wanterkichen 2018: Episod 2 – Samosa (28.11.2018)
De Ben Péporté kacht eis orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

An der Serie Wanterkichen weist de Ben Péporté dëst Joer seng Liiblingsplate mat Schwéngsgehacktem. Dobäi kombinéiert hien d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale mat internationale Goûten, vu Skandinavesch iwwert mediteran bis hin zu asiatesch.

Orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

(Rezept vum Ben Péporté)

Fir 4 Leit

Ingredienten:

200 g Schwéngsgehacktes
8 Brickdeeg-blieder / feuilles de brick
1 IL Kreuzkümmel / Cumin
1 Zitoun onbehandelt/bio
1 bouquet frësch Peffermënz
1 bouquet frëschen Koriander
1 wäiss Ënn
1 IL Olivenueleg
1 Grapp Roséngen
1 TL Maïzena
50 g Botter
Salz
Peffer

Rezept:
D’Ënn, déi frësch Peffermënz, de frësche Koriander an d’Rosénge kleng schneiden a mam Schwéngsgehackte vermëschen. D’Schuel vun enger Zitroun rappen a bäiginn. Mat Kreuzkümmel, Salz a Peffer wierzen an alles mëschen. Dës Fleeschfëllung wärend enger Stonn kal stellen. Botter schmëlzen. En Brickdeegblatt mat geschmolter Botter asträichen an an zwee deelen. Eng Halschent dovunner, falen an op engem Enn en Téiläffel Fleeschfëllung ginn. Dat Ganzt zu engem Dräieck falen an zum Schluss mat enger Maizena-Waassermëschung “zoupechen”.

Gudden Appetit