WanterkichenEpisod 3/2018: Muffins

De Ben Péporté kacht eis Muffins mat Speck a Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

Wanterkichen 2018: Episod 3 - Muffins (05.12.2018)
De Ben Péporté kacht eis Muffins mat Speck a Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

An der Serie Wanterkichen weist de Ben Péporté dëst Joer seng Liiblingsplate mat Schwéngsgehacktem. Dobäi kombinéiert hien d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale mat internationale Goûten, vu Skandinavesch iwwert mediteran bis hin zu asiatesch.

Muffins mat Speck a Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

(Rezept vum Ben Péporté)

Fir 12 Stéck:

Ingredienten:

24 Tranche Speck
200 g Schwéngsgehacktes
100 g Mozzarella
6 Quail Eeër
3 IL Melasse (Sirop de Liège)
3 IL Austerenzooss
1 IL Paprikapolver

Rezept:

D’Muffinform mat Speck ausleeën. Fir d’éischt eng ganz Tranche Speck ronderëm de Bord an dann eng gedeelten Tranche iwwer Kräiz op de Buedem. An all Form e bësse Schwéngsgehacktes fëllen. D’Hallschent mat bësse Mozzarella an déi aner Forme mat Quail-Eeër fëllen. D’Specktranchen no uewen iwwert de Kéis an d’Eeër klappen. Fir d’Barbecuezoos: an enger Schossel de Sirop de Liège, d’Austerenzooss an de Paprikaplover mëschen. Dës iwwert d’Muffins sträichen. Wärend 15 Minutte bei 200°C am Schäffche baken.

Gudden Appetit