WanterkichenEpisod 4/2018: Köttbullar

De Ben Péporté kacht eis orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

Wanterkichen 2018: Episod 4 – Köttbullar (12.12.2018)
Rezept: Orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

An der Serie Wanterkichen weist de Ben Péporté dëst Joer seng Liiblingsplate mat Schwéngsgehacktem. Dobäi kombinéiert hien d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale mat internationale Goûten, vu Skandinavesch iwwert mediteran bis hin zu asiatesch.

Orientalesch Samosa mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

(Rezept vum Ben Péporté)

Fir 4 Leit

Ingredienten:
600g Schwéngsgehacktes
4 Tranche Toastbrout
50L Mëllech
1 Ee
½ TL Kräizkümmel
½ TL Kanéil
Salz
Peffer

Fir d’Zooss:
3 IL Esseg
1 IL Ueleg
1 IL Moschter
1 Bouquet Dëll
Salz
Peffer

Rezept:

D’Toastbrout ganz kleng schneiden a mam Gehacktem, der Mëllech, dem Ee an de Gewürzer vermëschen. Fir d’Zooss: Den Dëll kleng schneiden. De Moschter mam Esseg a Salz Peffer vermëschen. Dëll an Ueleg drënner réieren. D’Gehacktes zu klenge Bulle formen an an der Pan broden.

Gudden Appetit