WanterkichenEpisod 5/2018: Calamare

De Ben Péporté kacht eis Calamare gefëllt mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

Wanterkichen 2018: Episod 5 – Calamare (20.12.2018)
De Ben Péporté kacht eis Calamare gefëllt mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

An der Serie Wanterkichen weist de Ben Péporté dëst Joer seng Liiblingsplate mat Schwéngsgehacktem. Dobäi kombinéiert hien d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale mat internationale Goûten, vu Skandinavesch iwwert mediteran bis hin zu asiatesch.

Calamare gefëllt mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale

(Rezept vum Ben Péporté)

Fir 4 Leit

Ingredienten:

4 Calamare  (déifgefruer)
500g Gehacktes
1 Eegiel
1 Schallott
1 Knuewelekszéif
1 Bouquet Péiterséileg
400g Tomatenzooss
100g Speckwierfelen
Salz
Peffer

Rezept:

D’Schallott, de Knuewelek an de Péiterséileg kleng schneiden a mam Gehacktem, dem Eegiel ewéi och Salz a Peffer mëschen. D’Calamare domat fëllen esou dass uewen nach 1,5cm Sputt ass. Mat Zännstocher zesumme fixéieren sou dass d’Fëllung net erausleeft. De Speck an der Pan ubroden a mat Tomatenzooss ofläschen.Mat Salz a Peffer ofschmaachen. D’Calamare an d’Pan bei d’Zooss leeën, Deckel drop an dann am Schäffche wärend 20 Minutte bei 200°C broden.

Gudden Appetit