Den däitsche Starfriseur Andreas Wendt hëlleft Salonen zu Lëtzebuerg déi Problemer hunn. Wann d'Cliente feelen, an d'Angscht virun der Faillite beim Proprietaire vum Salon all Dag méi grouss gëtt, ass et Zäit fir d'Hëllef vum Profi.

Mat Kreativitéit, Kompetenz a konstruktiver Kritik gëtt den Andreas Wendt de Kollege positiv Impulser, entwéckelt nei Konzepter an hëlleft beim neie Start vum Salon.